De Bolland ass eng kleng belsch Baach an der Provënz Léck. Et ass e lénksen Niewefloss vun der Berwinne.

D'Bolland zu Bolland

De Bolland huet seng Quellen op enger Héicht vun 260 Meter südëstlech vun der Uertschaft Bolland, an eng 1.000 Meter vun der Ferme de Havrémont ewech, an enger Zoch déi vum Lieu-dit Gurnê kënnt. Si leeft vun do aus bis ongeféier op d'Hallschent vun hirem Laf no Westen, fir um Lieu-dit Booz an der Gemeng Blegny, no Norden ze dréinen.

Duerno leeft se riets laanscht Housse, duerch Saint-Rémy fir zu Dalhem op enger Héicht vun 90 Meter an d'Berwinne ze lafen.

D'Baach ass ronn 14 km laang, an huet just e puer nennenswäert Nieweflëss vu lénks. Et sinn dat: de Ruisseau de Noblehaye, de Ruisseau de Melen, de Plein Rieu an de Bascal.

Um Spaweck änneren

Commons: Bolland (river) – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
De Bolland ënnerzeg vun der Bréck zu Bolland