De Bannpréiter oder Bannhidder ass zu Lëtzebuerg e Gemengebeamten, deen als Funktioun huet, Onreegelméissegkeeten an Infraktiounen um Gemengenterrain festzestellen an ze mellen, an, an den Attributioune vu senger Funktioun Protokoll driwwer opzestellen.

Seng Aufgabe ginn am speziellen duerch d'Gemeng déi en engagéiert festgeluecht. A ville klenge Gemenge hat fréier de Gemengecantonnier gläichzäiteg d'Funktioun vum Bannpréiter.

D'Flichte vum Bannpréiter ginn duerch d'Gemengegesetz festgehalen, a seng Admissiounskonditioune goufen am Kader vum Gemengegesetz fir d'éischt duerch d'Gesetz vum 21. Juni 1920 festgeluecht.

Den offiziellen Numm am Gesetz ass op Franséisch Garde champêtre, an op Däitsch Feldhüter.