Déi aktuell Versioun vum Fändel vum Kamerun gouf den 20. Mee 1975 offiziell adoptéiert. E setzt sech aus dräi vertikale Sträifen an de Faarwe gréng, rout a giel zesummen an huet an der Mëtt e gëllene Stär mat fënnef Zacken.[1]

De kamerunesche Fändel

Bedeitung

änneren

Déi franséisch "Tricolore" war d'Virbild fir dem Kamerun seng dräi vertikal Sträifen. D'Faarwe vum Fändel sinn d'panafrikanesch Faarwen. Offiziell symboliséiert gréng den tropesche Bësch am südlechen Deel vum Land, rout steet fir d'Blutt vum Vollek, dat wärend dem Kampf fir d'Onofhängegkeet vergoss gouf (guerre du maquis) a giel representéiert d'Sonn an d'Savann am Norde vum Kamerun.[2] Aner Quellen ginn eng aner Symbolik fir déi rout Faarf un: Eenheet[3],[4], National Souverainitéit[5] oder Onofhängegkeet an Eenheet[6]. De Stär an der Mëtt vum Fändel symboliséiert d'Eenheet vum kamerunesche Vollek.[7]

Geschicht

änneren

Vun 1884 bis 1916 war Kamerun eng däitsch Kolonie. An där Zäit gouf déi sougenannt "Reichskriegsflagge" benotzt, also de Fändel vun de Sträitkräfte vum däitsche Räich. Eréischt an de leschte Jore vun der däitscher Herrschaft koum d'Iddi op, dem Territoire en eegene Fändel ze ginn, mä si gouf net méi ëmgesat.

Nom Éischte Weltkrich ass de Kamerun an zwee gedeelt ginn. Déi zwéin Deeler kruten de Statut vun engem Mandatsterritoire vum Vëlkerbond, a méi spéit vun engem Treihandmandat vun der UNO. De méi groussen, südlechen Deel gouf vu Frankräich verwalt an huet de franséische Fändel benotzt, den nërdlechen Deel gouf vu Groussbritannien verwalt. Et gëtt keng sécher Quell fir de Fändel, deen am britteschen Deel benotzt gouf.

Den 22. Mee 1955 huet d'Union des Populations du Cameroun (UPC), déi am franséische Kamerun fir d'Onofhängegkeet gekämpft huet, hire Fändel mat engem schwaarze Kriibs op roudem Hannergrond adoptéiert. Dat ass eng (net ganz korrekt) Referenz un den Ursprong vum Numm "Kamerun", well déi éischt Europäer d'Regioun ëm de Floss Wouri "Rio dos Camarões" (Floss vun de Crevette) genannt hunn. Am Juli 1955 huet déi franséisch Verwaltung d'Partei awer wéinst hirer grousser Popularitéit verbidde gelooss an deen Design konnt sech net duerchsetzen.

Den 29. Oktober 1957 huet d'Parlament vum franséische Kamerun e Gesetz gestëmmt, dat eng Tricolore an de Faarwe gréng, rout, giel als offizielle Fändel ugeholl huet. Si gouf fir d'éischt Kéier den 10. November 1957 zu Yaoundé vum deemolege Premierminister André-Marie Mbida fléie gelooss.[8] Dee Fändel, deen d'Grondlag vun der aktueller Versioun ass, gouf an der Verfassung vum Onofhängege Kamerun den 21. Februar 1960 bestätegt.

D'Joer drop goufen de fréiere franséischen an de britteschen Deel an enger Confederatioun vereenegt. De Fändel vun där Confederatioun war d'Tricolore mat zwéi gëllene Stären,[9] déi déi zwou federal Regiounen am Land symboliséieren. 1972 huet de President Ahmadou Ahidjo d'Federatioun opgeléist an en Eenheetsstaat ausruffe gelooss. Als Konsequenz goufen déi zwéi Stären duerch een eenzegen ersat.[10]

Gallerie: Fréier Versiounen

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Fändele vum Kamerun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Verfassung vun der Republik Kamerun (1996)
  2. Le chemin parcouru / Distance covered (Broschür zu de Feierlechkeete vun der Feier fir 50 Joer Onofhängegkeet), pp. 10-11: Drapeau et armoirie / The Flag and Coat of Arms
  3. Smith, Whitney (1975) "Flags Through the Ages and Across the World"
  4. Pedersen, Christian Fogd (1971), "The International Flag Book in Color"
  5. Rabbow, Arnold (1970), "DTV-Lexikon politischer Symbole"
  6. Mucha Ludvík (1985), "Webster's Concise Encyclopedia of Flags & Coats of Arms"
  7. Beschreiwung a Bedeitung vum Fändel um Site vun der kamerunescher Ambassade zu Rabat
  8. Eugène C. Shema: Le drapeau du Cameroun dans tous ses états an Journal du Cameroun (online) (9. Juli 2014)
  9. Verfassung vun der Federaler Republik Kamerun (1961) Archivéiert de(n) 07.03.2016. Gekuckt de(n) 23.01.2015.
  10. Flags of the World: Cameroon