De franséische Fändel besteet aus dräi vertikale Sträife vun der selwechter Breet. E gouf wärend der Franséischer Revolutioun geschaf.

Ratio 2:3

Kreatioun

änneren

Enger vexillologescher Legend no huet de La Fayette am Juli 1789 d'Faarwe vu Paräis (blo a rout mat der Faarf vun der Monarchie (wäiss) verbonnen. D'Faarfauswiel staamt effektiv vum La Fayette, deen d'Faarwe vum amerikanesche Fändel no der Amerikanescher Revolutioun mat Heem bruecht huet. D'Dispositioun bleu au mat, blanc au centre, et rouge flottant gouf offiziell mam Dekreet vum 15. Februar 1794 ugeholl a vum 20. Mee 1794 u benotzt, fir Verwiesslunge bei de Séischluechten ze verhënneren. D'Fändele vun der Landarméi droen d'Tricolore zanter 1791 an d'Garde nationale schonn zanter 1789.

Geschichtleches

änneren

Am Joer 1814 huet d'Restauratioun erëm de wäisse Fändel agefouert, deen allerdéngs 1830 duerch d'Juli-Monarchie erëm ofgeschaf gouf, fir d'Tricolore ze benotzen.

No der Revolutioun vun 1848 war ee Moment d'Tendenz do, fir e roude Fändel ze benotzen.

1873 ass de Versuch, d'Monarchie nees anzeféieren, feelgeschloen, well den Henri d'Artois d'Tricolore op kee Fall akzeptéiere wollt. Hie wollt erëm zeréck bei de wäisse Fändel vum Ancien Régime.

D'Tricolore steet an der Constitutioun vum 4. Oktober 1958.

Proportiounen

änneren

D'Proportioune vum franséische Fändel sinn 2:3.

Um Spaweck

änneren
Commons: Flags of France – Biller, Videoen oder Audiodateien