Europäeschen Nordobservatoire

Den Europäeschen Nordobservatoire (ofgekierzt ENO) ass e Fuerschungsinstitut op de Kanaren, fir d'Teleskope vun den Observatoiren vum IAC kollektiv ze gebrauchen.

Teleskopen vum ORM

D'Administratioun vum ENO ass zu San Cristóbal de La Laguna, déi gebraucht Observatoire sinn den Teide Observatoire‎ (OT) op Teneriffa an de Roque de los Muchachos Observatoire (ORM) op La Palma. Zesumme ginn d'Observatoire mat iwwer 30 Instrumenter vu verschiddenen Instituter gebraucht.[1] Et sinn Teleskope fir Nuecht- wéi och Sonnenobservatioun.

Den ENO gouf de 26. Mee 1979 vun de Staaten Spuenien, Dänemark, Groussbritannien a Schweden gegrënnt[2], d'Ofkommes reegelt d'Observatiounszäite vun den eenzelen Teleskopen, dobäi huet Spuenien en Undeel vun 20 %, fir international Projeten am Kader vun der ENO ginn op d'mannst 5 % vun der benotzbarer Zäit vun den Teleskopebedreiwer bestëmmt. Mat dem Zousazofkommes vum 8. Abrëll 1983 bedeelegt sech och Däitschland mat der DFG am ENO[3]. D'Gesetz vum 31. Oktober 1988 Protección de la Calidad Astronómica de los Observatorios del Instituto de Astrofísica de Canarias[4] soll d'Sécherstellung vun den astronomesche Bedingunge wéi manner Liichtverschmotzung garantéieren. Weider Memberstaate sinn d'Belsch, Frankräich, Italien an Norwegen.[5]

Referenzen änneren

  1. Liste der Instrumente am ORM, Liste der Instrumente am OT
  2. Regierungsvertrag
  3. Protokoll und Addendum
  4. LEY 31/1988
  5. Liste der Mitgliedsstaaten

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren