Kanaresch Inselen
D'Kanaresch Inselen (sp: Islas Canarias) oder d'Kanaren sinn eng Inselgrupp déi zu Spuenie gehéieren.
Kanaresch Inselen | ||||
| ||||
Land | Spuenien | |||
Haaptstad | Las Palmas de Gran Canaria a Santa Cruz de Tenerife | |||
Offiziell Sprooch(en) | Spuenesch | |||
---|---|---|---|---|
Fläch | 7.447 km² | |||
Awunner | 2.025.951 2007) | |||
Bevëlkerungsdicht | 272 Aw. / km² | |||
Autonome Statut | 10. August 1982 | |||
Offizielle Feierdag | 30. Mee | |||
President | Ángel Víctor Torres (PSOE) | |||
Lag vun de Kanaren | ||||
D'Kanaresch Inselen op der Kaart | ||||
Autonom Gemeinschafte vu Spuenien |
Geographie
ännerenD'Kanaresch Inselen gehéiere geographesch zu Afrika a leien am Atlantik an der Regioun Makronesien. Zu hinne gehéiere siwen Haaptinselen: Lanzarote, Fuerteventura, Gran Canaria, Teneriffa, La Gomera, La Palma an El Hierro, sechs méi kleng Inselen: Alegranza, Graciosa, Montaña Clara, Los Lobos, Roque del Este a Roque del Oeste an divers kleng onbewunnten Inselen.
D'Kanaresch Inselen hunn eng Fläch vu 7.447 km² dat sinn 1,5 % vun der Fläch vu Spuenien.
Andeelungen
ännerenD'Kanare sinn an zwou Provënzen agedeelt.
- Provënz Santa Cruz de Tenerife mat der Haaptstad Santa Cruz de Tenerife
- Provënz Las Palmas mat der Haaptstad Las Palmas de Gran Canaria
Geologie
ännerenAll dës Inselen hunn eng vulkanesch Originn. Virun ongeféier 36 Millioune Joren hunn déi éischt Ausbréch ënner dem Mier ugefaangen eruptiivt Material ofzelageren.
Geschicht
ännerenD'Kanaresch Insele sinn zanter dem 16. August 1982 eng autonom Gemeinschaft.
Politik
ännerenDe President ass de Ángel Víctor Torres (PSOE).
D'Parlementaresch Vertriedung am spuenesche Kongress huet véierzéng Sëtz an am Senat huet se der zwéin.
Demographie
änneren2007 gouf et 2.025.951 Awunner op de Kanaren, dat si 4,48 % vun der spuenescher Populatioun.
Déi gréisst Stied
ännerenDéi wichtegst Stied op de Kanareschen Insele sinn:[1]:
- Las Palmas de Gran Canaria (Gran Canaria) 378.628
- Santa Cruz de Tenerife (Teneriffa) 221.567
- San Cristóbal de La Laguna (Teneriffa) 141.627
- Telde (Gran Canaria) 96.547
- Arona (Teneriffa) 65.550
- Santa Lucía de Tirajana (Gran Canaria) 56.268
- Arrecife (Lanzarote) 53.920
- San Bartolomé de Tirajana (Gran Canaria) 46.428
- La Orotava (Teneriffa) 40.355
- Puerto del Rosario (Fuerteventura) 30.363
- Los Llanos de Aridane (La Palma) 19.878
- Santa Cruz de La Palma (La Palma) 17.788
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Canary Islands – Biller, Videoen oder Audiodateien |