Eugène Reichling
![]() |
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Eugène Reichling, gebuer de 26. Januar 1892 zu Biereng a gestuerwen de 24. Dezember 1939 zu Esch-Uelzecht[1], war e lëtzebuergesche Politiker.
Eugène Reichling | |
---|---|
Gebuer |
26. Januar 1892 Biereng |
Gestuerwen |
24. Dezember 1939 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Hie war Direkter vun der Clausener Brauerei an duerno vun der Firma Ferroknepper.
Vun 1931 bis zu sengem Doud war hien Deputéierte vum Bezierk Süden an der Chamber. Hie gouf du vum Nicolas Quiring ersat. De Reichling war Member vun der Rietspartei a President vum Südbezierk vun där Partei.
Hie gouf och 1935 Schäffen an der Gemeng Esch-Uelzecht.
Vun 1939 bis zu sengem Doud war hie President vun der Fédération des commerçants.
Zu Esch ass eng Strooss no him benannt ginn.
Gielercher[2]Änneren
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne
- Chevalier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Officier vum Ordre de Léopold
- Officier vum Ordre de la Couronne de Belgique