Den Ernest Benjamin Esclangon, gebuer de 17. Mäerz 1876 zu Mison bei Sisteron a gestuerwen den 28. Januar 1954 zu Eyrenville, Departement Dordogne war e franséischen Astronom, Physiker a Mathematiker.

Ernest Esclangon
Gebuertsnumm Ernest Benjamon Esclangon
Gebuer 17. Mäerz 1876
Mison
Gestuerwen 28. Januar 1954
Eyrenville
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École normale supérieure
Aktivitéit Mathematiker, Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Académie des sciences, Société astronomique de France, International Astronomesch Unioun, Bureau des Longitudes

Den Esclangon hat vun 1895 bis 1898 an der École normale supérieure studéiert, war dunn als Astronom am Observatoire zu Bordeaux an hat 1904 zu Paräis promovéiert (iwwer quasiperiodesch Funktiounen). 1918 gouf hien Direkter vum Observatoire vu Stroossbuerg an 1919 Professer fir Astronomie op der Universitéit Stroossbuerg. Vun 1929 war hien Direkter vum Observatoire zu Paräis a vum Bureau international de l'heure. Ausserdeem war hie vun 1932 u Member vum Bureau des longitudes. 1944 goung hien an d'Pensioun.

Als Mathematiker war hien e Pionéier an der Beschäftegung mat quasiperiodesche Funktiounen (onofhängeg vum Piers Bohl), déi spéider als balperiodesch Funktiounen ausféierlech vum Harald Bohr behandelt goufen. Am Éischte Weltkrich hat hie sech mat der Ballistik beschäftegt an hat eng Method fonnt, d'Standplaz vum Geschütz akustesch ze lokaliséieren. 1933 hat hien eng Zäituso als Telefon-Service zu Paräis organiséiert. Als Astronom hat hien d'Passageinstrumenter verbessert.

1935 krut hien de Jules-Janssen-Präis, 1939 gouf hien an d'Académie des sciences gewielt. Den Asteroid Esclangona ass no him genannt, geneesou wéi de Moundkrater Esclangon an eng Strooss zu Paräis.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren