Epsilon Scorpii
De Stär ε Scorpii (Epsilon Scorpii) och Wei genannt, steet am Stärebild Scorpius.
De Patrick Moore hat den Numm Wei agefouert, dat schéngt awer duerch eng falsch Interpretatioun komm sinn.[1] Wěi (尾), wat Schwanz bedeit, war ursprénglech den Numm vun engem chineeseschen Asterissem oder Xiù mat de Stären ε, μ1-2, ζ1-2, η, θ, ι, κ, υ, a λ Scorpii.[2]
De Stär huet eng visuell Hellegkeet vu +2,29 mag a gehéiert zu der Spektralklass K2.5III. Hie läit ongeféier 65 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech.
Koordinaten
änneren- Rektaszensioun: 16h50m09.80s
- Deklinatioun: -34°17'36.0"
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Moore, 1983, The Guinness Book of Astronomy Säit 242
- ↑ Ridpath, Ian, Star Tales.