François Besch

lëtzebuergesche Fotograf, Journalist, Auteur a Moler


De François Besch, gebuer den 11. Abrëll 1963 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Fotograf, Journalist[1], Auteur a Moler. Hie wunnt a schafft zu Béiweng.

François Besch
Gebuer 11. Abrëll 1963
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf, visuelle Kënschtler, Journalist
Member vun ARC Kënschtlerkrees

De Moler änneren

Hie war 1978 dee jéngste Kënschtler, dee jeemools bei der Quinquennale d'art moderne luxembourgeois ausgestallt huet. 1977 krut hien e Präis bei der Biennale des jeunes artistes luxembourgeois.

De Fotograf änneren

Hie war am Juli 2011 ee vun den Gewënner beim Concours Life in a Day vun National Geographic, bei deem Fotoen ausgezeechent goufen, déi mat der Hipstamaticapplikatioun fir den iPhone opgeholl gi waren[2]. Am November/Dezember 2011 huet hien ënner dem Titel Down here | Up there déi éischt iPhone-Fotografie-Ausstellung zu Lëtzebuerg an der "Galerie Terres Rouges" zu Esch-Uelzecht realiséiert. Am Dezember 2013 huet d'Lëtzebuerger Post déi weltwäit éischt Timbere mat Fotoen erausginn, déi mat der Hipstamaticapplikatioun realiséiert goufen[3]. Am Mäerz 2017 krut hien de Monika von Boch-Preis für Fotografie[4],[5].

Rezent Ausstellungen änneren

 
"Multilingual Teens": Impressioune vun der éischter Hipstamatic-Ausstellung am ëffentleche Raum zu Lëtzebuerg mat Aarbechte vum François Besch
  • 2017: François Besch: Hipstamatics, Museum Schloss Fellenberg, Merzig, Déitschland[6],[7]
  • 2016: Salon 2016 du Cercle artistique de Luxembourg, Hall Victor Hugo, Luxembourg
  • 2015: Dialogue III, zesumme mam François Schortgen, Centre Baclesse, Esch-Uelzecht
    Six Lives in Photography, Galerie Clairefontaine, Espace II a Konschthaus beim Engel, Lëtzebuerg-Stad
    BeNeLux, Galerie bij de Boeken[8], Ulft, Holland
  • 2014: Salon 2014 du Cercle artistique de Luxembourg, CarréRotondes, Luxembourg
  • 2013: The Story of the Creative, See.Me Exhibition Space, New York
    Multilingual Teens, Place Guillaume II (Knuedler), Lëtzebuerg-Stad
    Let it Shine, Soho Gallery for Digital Art, New York
    Von Glückspilzen und anderen Lichtwelten, Galerie Clairefontaine (Espace 2), Lëtzebuerg-Stad
  • 2012: Poetic Renaissance, Galerie Clairefontaine (Espace 1), Lëtzebuerg-Stad
    Money (The Mobile Museum), Mudam, Lëtzebuerg-Kierchbierg
  • 2011: Down here | Up there, Galerie Terres Rouges, Esch-Uelzecht

Gielchen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: François Besch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. De François Besch op der Websäit vum Conseil de presse
  2. nationalgegraphic.com
  3. Timbere vum François Besch
  4. Whitewall Magazin Gearchiveerd op 2017-05-07. Gekuckt de(n) 2017-05-17.
  5. ProfiFoto
  6. Kritik an der Saarbrücker Zeitung Gearchiveerd op 2017-03-29. Gekuckt de(n) 2017-05-17.
  7. Artikel am Tageblatt
  8. https://web.archive.org/web/20150929100745/http://www.galeriebijdeboeken.nl/galerie.php?function=current_expo&nr=2 Galerie bij de Boeken
  9. 26 Journalisten in nationalen Verdienstorden ausgezeichnet op der Websäit vum Conseil de Presse Luxembourg