Elon Musk
Den Elon Reeve Musk, gebuer den 28. Juni 1971 zu Pretoria a Südafrika, ass en US-amerikanesche Fabrikant, Investisseur an Erfinder.[1],[2] Hie gouf bekannt duerch seng Erfolleger als Internetdéngschtubidder, besonnesch mam Bezueldéngscht PayPal an der follgender Grënnung vun dräi Firmen: der Solarstroumentreprise SolarCity, dem Elektroautoproduzent Tesla an der Firma SpaceX, mat där hie seng Visioun vun enger privat finanzéierter Raumfaartindustrie verwierklecht huet. Doriwwer eraus ass hien an der Direktioun vun eelef weideren Entreprisen, an huet am Oktober 2022 fir 44 Milliarden US-Dollar de Mikrobloggingdéngscht Twitter kaaft.
Elon Musk | |
---|---|
Gebuertsnumm | Elon Reeve Musk |
Gebuer |
28. Juni 1971 Pretoria |
Nationalitéit | Südafrika, Kanada, USA |
Educatioun |
Smith School of Business, Wharton School, University of Pennsylvania, Pretoria Boys High School, Waterkloof House Preparatory School, Queen's University, Stanford University, Bryanston High School, Universitéit Pretoria |
Aktivitéit | Programméierer, Ingenieur, Entreprener, Investisseur, Geschäftspersoun, Politiker |
Member vun | The Planetary Society, Royal Society |
Famill | |
Bestuet mat | Justine Musk, Talulah Riley, Talulah Riley |
Liewenspartner(in) | Amber Heard, Grimes |
Papp | Errol Musk |
Mamm | Maye Musk |
Geschwëster | Tosca Musk, Kimbal Musk, Elliot Rush Musk, Asha Rose Musk, Alexandra Musk |
Kanner | Nevada Musk, Vivian Jenna Wilson, Griffin Musk, Damian Musk, Saxon Musk, Kai Musk, Exash Musk, Strider Musk, Azure Musk, Exa Musk, Tau Musk |
Liewen
ännerenDem Musk säi Papp war e südafrikanesche Maschinnebauingenieur a seng Mamm e kanadescht Model.[3]
Mat 12 Joer hat de Musk e Videospill entwéckelt, dat hien enger Computerzäitschrëft verkafe konnt. Kuerz viru sengem 16. Gebuertsdag huet hien zesumme mat sengem jéngste Brudder an der kanadescher Ambassade Reespäss ugefrot an e Joer méi spéit ass hien an Nordamerika ausgewandert, fir dem Zaldotendéngscht an der südafrikanescher Arméi ënner dem Apartheid-Regime z'entgoen. Säin éischt Zil war Kanada, wou hie sech op der Queen's University zu Kingston am Ontario, ageschriwwen huet. No engem Wiessel op d'University of Pennsylvania huet hien do säi Studium mat engem Bachelor an der Wirtschaft a Physik ofgeschloss. 1995 ass hien op Palo Alto a Kalifornien gewiesselt, wou hien op der Stanford University zu engem Ph.D.-Programm a Physik zougelooss gouf.[4]
Allerdéngs huet hien no zwéin Deeg um Campus entscheet, d'Studium opzeginn an eng Internetentreprise ze grënnen.[5]
Den Elon Musk war mat der Fantasyschrëftstellerin Justine Musk bestuet, d'Koppel huet fënnef Jongen.[6] De 25. September 2010 bestit de Musk déi brittesch Schauspillerin Talulah Riley. Schonn Ufank 2012 gouf hien nees gescheet. Am Juli 2013 huet d'Koppel sech nees bestuet, a schonn den 31. Dezember 2014 huet den Elon Musk fir d'zweet d'Scheedung agereecht. 2015 hu si hir Scheedung nees réckgängeg gemaach.[7] De Musk wunnt an engem Haus zu Boca Chica (Texas) um Terrain vun der Starbase, dat hie vu senger Firma SpaceX lount.
Am Mäerz 2010 war hien am Dokumentarfilm Die 4. Revolution – Energy Autonomy ze gesinn.
2015 hat den Elon Musk e Gaaschtoptrëtt an der 9. Folleg The Platonic Permutation vun der 9. Staffel vun der Serie The Big Bang Theory, an där hie sech selwer gespillt huet.[8],[9]
2018 gouf de Musk als Member an der Royal Society opgeholl.[10]
Literatur
änneren- Vance, Ashlee: Elon Musk: Tesla, PayPal, SpaceX: Wie Elon Musk die Welt verändert. FinanzBuch Verlag, München 2015, ISBN 978-3-89879-906-5
Um Spaweck
ännerenCommons: Elon Musk – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Max Chafkin: Entrepreneur of the Year: Elon Musk. Electric sports cars. Solar power. Space travel. Finally, an entrepreneur who's not afraid to think really, really big, Inc., Dezember 2007, gekuckt de 25. Februar 2011
- Christian Rauch: Zum Mond, zur Freiheit, in: brand eins 06/2012 – Schwerpunkt Risiko, gekuckt den 8. November 2015
Referenzen
änneren- ↑ [1]
- ↑ Elon Musk And Mark Zuckerberg Have Invested $40 Million In A Mysterious Artificial Intelligence Company
- ↑ Mark Gimein, Fast track, Elon Musk is poised to become Silicon Valley's Next Big Thing. What put him in the driver's seat?, Salon.com, 17. August 1999, Websäit gekuckt de 17. Februar 2009
- ↑ Entrepreneur of the Year, 2007: Elon Musk, Max Chafkin, 1. Dezember 2007, Porträt bei Inc., S. 3, Websàit gekuckt de 17. Februar 2009
- ↑ Entrepreneur of the Year, 2007: Elon Musk, Max Chafkin, 1. Dezember 2007, Porträt bei Inc., S. 4, Websäit gekuckt de 17. Februar 2009.
- ↑ Der Mann, der zum Mars will, Kerstin Kohlenberg, Porträt in Die Zeit, 31. Dezember 2008, Websäit gekuckt den 8. Dezember 2010
- ↑ [2]
- ↑ http://www.mein-elektroauto.com/2015/11/tesla-chef-elon-musk-hat-einen-gastauftritt-bei-the-big-bang-theory/19419/
- ↑ http://the-big-bang-theory.com/episodeguide/episode/909/The-Platonic-Permutation/
- ↑ Elon Musk elected as Fellow of the Royal Society. Sky News (09.05.2018) Archivéiert de(n) 04.01.2021. Gekuckt de(n) 28.02.2021.