Peter Gilles
däitsche Linguist
De Peter Gilles, gebuer de 7. August 1966 zu Wittlich am Bundesland Rheinland-Pfalz, ass en däitsche Linguist.
Peter Gilles | |
---|---|
De Peter Gilles bei engem Virtrag (2017) | |
Gebuer |
7. August 1966 Wittlech |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun |
Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg, Universitéit vun Heidelberg, Universitéit Bonn |
Aktivitéit | Linguist, Universitéitsprofesser |
Member vun | Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch |
Hien huet zu Tréier an zu Heidelberg Sproochwëssenschaft studéiert. Seng Fuerschungsschwéierpunkte leie virun allem bei der Prosodie an der Evolutioun vun de Lokaldialekter am Lëtzebuergeschen.
Am September 2006 krut hien eng Nominatioun als Linguistikprofesser op der Université du Luxembourg. Hien ass do Chef vum Institut de linguistique et de littératures luxembourgeoises.
Tëscht 2009 an 2012 huet hien zesumme mat anere Fuerscher um Projet "Luxemburgischer Familiennamenatlas (LFA)" matgemaach.
Monographien
änneren- Dialektausgleich im Letzebuergeschen. Zur phonetisch-phonologischen Fokussierung einer Nationalsprache. Tübingen: Niemeyer (Phonai 44), 1999.
- Regionale Prosodie im Deutschen. Variabilität in der Intonation von Abschluss und Weiterweisung. de Gruyter: Berlin/New York, 2005 (Linguistik - Impulse & Tendenzen 6).
Um Spaweck
änneren- De Peter Gilles op der Websäit vun der Université du Luxembourg
- De Peter Gilles ass Freides-Invité bei RTL Radio Lëtzebuerg