E Konsonant (oder eng Consonne) bezeechent an der Phoneetik e Sproochlaut bei deem senger Artikulatioun de Stëmmtrakt méi enk gëtt an domat den Ootmungsloftstroum ganz oder deelweis blockéiert gëtt, wouduerch et zu Turbulenzen (Loftwierbelen) kënnt, déi een héiert.

Buschtawe vun der geschriwwener Sprooch wéi B, C, D, F, G… si Konsonantbuschtawen, ginn awer am allgemenge Sproochgebrauch och als „Konsonant“ bezeechent.

De Konsonante géintiwwer stinn d'Vokalen, bei deenen de Loftstroum ongehënnert ass.

Eegenschafte vun engem Konsonant änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Konsonanten am Lëtzebuergeschen änneren

An der Lëtzebuerger Sprooch gëtt et follgend Konsonanten (Konsonantbuschtawen):

Konsonant(en) IPA Erklärung Beispill(er)
b [b] stëmmhaft am Ufank vun de Silben, wéi am Franséischen Ball, Gebiet
[p] stëmmlos um Enn vun engem Wuert Mikrob, Kueb
c [s] / [t͡s] virun ‹e›, ‹é›, ‹i›, ‹y› am Ufank vum Wuert Certificat, Cité
[k] virun ‹a›, ‹o›, ‹ou›, ‹u› a Konsonanten Capellen, Coup
um Enn vun engem Wuert, wéi am Franséischen Bic, Fric
[s] bannent eng Wuert virun ‹e›, ‹é›, ‹i›, ‹è›, ‹ê›, wéi am Franséischen Facilitéit, exercéieren
cc [ks] a franséische Wierder Accident
ch [ɕ] hanner ‹e›, ‹ë›, ‹é›, ‹i›, ‹ä›, ‹ei›, ‹éi›, ‹äi›, ‹ü› Bicher, räich, du méchs, süchteg
[x] hanner ‹a›, ‹o›, ‹u›, ‹au›, ‹ou› Baach, Bauch, louch
[k] a Wierder aus dem Griicheschen Charakter, Chrëschtdag
chs [ks] wéi am Numm vun der franséischer Stad Dax Dachs, Béchs, Eidechs
ck [k] hanner engem kuerze Vokal Decken, Bäcker
cks [ks] wéi am Numm vun der franséischer Stad Dax dacks
ct [ks] virun ‹i› wéi an (fr) action Electioun, Conjonctioun
d [d] stëmmhaft am Ufank vu enger Silb oder engem Wuert, wéi am Franséischen dräi, Brieder
[t] stëmmlos um Enn vu enger Silb oder engem Wuert Rad, Stadhaus
f [f] wéi am Franséischen Fall, fënnef, Graf
g [ɡ] stëmmhaft am Ufank vu enger Silb oder engem Wuert goen, begéinen
[ʁ] wa bannent engem Wuert eng Silb hanner ‹a› oder ‹u› ufänkt a wann derhanner en [ə] steet Vugel, Lager, Jugend
[x] um Enn vun engem Wuert, hanner ‹a›, ‹o› oder ‹u› Schlag, Katalog, Flug
[ʒ] wa bannent engem Wuert eng Silb hanner ‹i›, ‹l›, ‹e› oder ‹r› ufänkt a wann derhanner en [ə] oder [ɐ] steet Ligen, Bierger
Pilger, fleegen
[ʒ] a Wierder aus dem Franséischen; gëtt am Ufank vum Wuert als Reiflaut gelies Gilet, Gendarmerie, Gigot
[ɕ] um Enn vun engem Wuert, hanner ‹r›, ‹e› oder ‹ee› Deeg, roueg, Bierg
[ʃ] a franséische Wierder déi mat -age, -oge oder -uge ophalen Etage, Plage, Loge
[k] stëmmlos um Enn vun engem Wuert analog, Drog, Dogg
h [h] betount am Ufank vun engem Wuert oder enger Silb Haus, behaapten
j [j] [ʒ/ʑ] wéi am Laténgeschen, wéi en [i] Jeeër, Joermaart
eng Rei Wierder kënne variabel mat [j] oder [ʒ] geschwat ginn Jabel, jatscheleg, jéimeren, jiddereen, joen, Juni, juppelen
[ʒ] wéi am Franséischen Journal, Jeton
[ʤ] a Wierder aus dem Engleschen Job, joggen
k [k] wéi an (fr) koala Kuch, Kabes
kt [ks] wéi an (fr) élection Lektioun, Friktioun
l [l] wéi am Franséischen Luucht
m [m] wéi am Franséischen Mamm, Tram
[ ] stomm hanner engem Nasalvokal Parfum
n [n] wéi am Franséischen Nues, Kand
[ ] stomm hanner engem Nasalvokal Refrain
ng [ɲ] wéi an (fr) parking laang, Bong
nk [ɲk] den ‹n› ass velar wéi a (fr) parking an den ‹k› gëtt kloer ausgeschwat nk, krank
p [p] wéi am Franséischen Pompel, Stopp
q [kw] besteet nëmme mat engem ‹u› hannendrun; tëscht dem Laut [k] an dem Vokal hannendrun gëtt en hallwen ‹u› geschwat Quell, Quadrat, quaken, Quetsch, quëtschen
r [ʁ] wéi am Franséischen; et ass e velaren ‹r› Rou, Radau
[x] viru stëmmlose Konsonanten Sport, perfekt
[ɐ̯] vokaliséiert hanner ‹ i(e)›, ‹u(e)›, ‹ä(e)› an… Bierg, muer, Äerd, Vampir, Kur
an den Endungen ‹er› oder ‹ër› Bäcker, Leeër
[x / ɐ] um Enn vum Wuert mir, war, Gefor
s [z] mëll, stëmmhaft wéi a (fr) maison am Ufank vun engem Wuert oder enger Silb Sonn, gesond, Saaft, sécher
[s] stëmmlos wéi a (fr) vaisseau wann den ‹s› verduebelt ass Waasser
um Enn vun engem Wuert Rees
stëmmhaft am Ufank vum Wuert, nëmmen a Friemwierder Sachet, Salon, Service, Souvenir, Succès, systematesch
sch [ʃ] wéi ‹ch› am Franséischen Schëpp, näischt
schw [ʃw] wéi an (fr) chouette schwaarz, Schwëster
sp [ʃp] den ‹p› ass net betount a kléngt éischter wéi en ‹b› Spaass, Spill
[sp] an englesche Wierder Sponsor, Speaker
st [ʃt] den ‹t› ass net betount a kléngt éischter wéi en ‹d› Stull, Staat
[st] an engleschen oder franséische Wierder stabel, Stil
t [t] wéi am Franséischen Tuer, Tut
v [v] stëmmhaft wéi ‹v› am Franséischen Vas, Vegetarier
[f] stëmmlos um Enn vum Wuert oder a Wierder aus dem Däitschen Véi, Polver, brav
w [v] stëmmhaft wéi ‹v› am Franséischen Woch, Wäin
[f] stëmmlos um Enn vum Wuert Léiw, Méiw
x [ks] ausgeschwat wéi a Félix Hex, Aaxt
z [t͡s] ausgeschwat wéi a Fritz Zirkus, Witz

Literatur änneren

  • Grammaire de la langue luxembourgeoise, Ministère de l'éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse, Luxembourg 2005, Nouvelle édition entièrement révisée et actualisée, Luxembourg 2020, 2e tirage, Luxembourg 2022 ISBN 978-99959-1-206-2

Um Spaweck änneren

Commons: Konsonanten – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • D'Lëtzebuerger Orthografie, Redaktioun: Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (CPLL) an Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), © Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2019, Editeur: SCRIPT an ZLS, Dréckerei: EXEPRO, 5. Oplo, Lëtzebuerg 2022, ISBN 978-99959-1-163-8