Am Computerberäich ass e Spellchecker eng Komponent oder e Software-Programm, dee geschriwwe ginn ass fir d'Korrektheet vun eenzele Wierder an engem Dokument z'iwwerpréiwen. Normalerweis bitt e Spellchecker zousätzlech eng Méiglechkeet un, fir Korrekturvirschléi unzeweisen.

Lëtzebuergesch SpellcheckerenÄnneren

De Projet CortinaÄnneren

Den éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht gouf vum Linguist Jérôme Lulling an dem Informatiker Pierre Mousel tëscht de Joren 2000 an 2002 ausgeschafft. A senger Dokterthees iwwer déi lexikalesch Kreativitéit am Lëtzebuergeschen huet de Jérôme Lulling 2002 beschriwwen, wéi hien eng Wierderlëscht vun 125.000 Wuertforme fir dësen éischte Prototyp vun engem Spellchecker entwéckelt huet a wéi een d'Concatenatioun, also d'Buschtawereiefolleg, semiautomatesch ka simuléieren, eng Method déi souwuel beim Projet Cortina wéi och beim Projet Luxdico erfollegräich agesat gouf[1]. Den Utilitär Cortina (Correcteur orthographique informatique appliqué à la langue luxembourgeoise) kann och d'Eifeler Reegel erkennen a verbesseren. De Projet Cortina gouf 2002 agestallt.

De Projet Spellchecker.luÄnneren

De Projet Spellchecker.lu ass am Abrëll 2006 vun dräi jonke Leit[2], déi zu Kaiserslautern studéiert hunn, an d'Liewe geruff ginn. Et waren dat den Tom Goedert, de Luc Heischbourg an de Michel Weimerskirch. Ufank 2008 gëtt de Projet just nach vum Michel Weimerskirch weiderentwéckelt.

Déi nei Versioun, déi de 7. Oktober 2016 erauskoum, gouf an Zesummenaarbecht mam Sandra Souza Morais ausgeschafft. De Spellchecker.lu kennt elo méi wéi 230.000 Wierder.[3]

D'Wierderlëscht an d'Affixreegele stinn ënner der Europäescher Lizenz fir fräi Software EUPL a sinn dorop ausgeluecht, mat de gängege Softwaren ze funktionéieren déi um Hunspell baséieren (LibreOffice, Mozilla Thunderbird, Mac OS X asw.) a gëtt reegelméisseg weiderentwéckelt.

De Plugin fir d'Eifeler-Reegel ze kontrolléieren ass proprietär a kann als Plugin fir de LibreOffice erofgeluede ginn oder online op der Websäit vu Spellchecker.lu benotzt ginn.

Beispill fir d'Limitatioun vun engem SpellcheckerÄnneren

E Spellchecker, am übleche Sënn vum Wuert, iwwerpréift just eenzel Wierder, ouni op de Kontext an engem Saz opzepassen. Sou kann et och virkommen datt follgend Sätz fir e Programm richteg sinn, obwuel se kee Sënn hunn:

"Dënn Thierry ass den." an "Maach eng Fënster ob."

Gemengt war natierlech:

"Den Thierry ass dënn." an "Maach eng Fënster op."

Kontextsensitiv SpellcheckerenÄnneren

E kontextsensitive Spellchecker kuckt bei der Korrektur och nach d'Semantik vun engem Saz. Doduerch kann de Programm an engem begrenzten Ëmfang de Sënn vun engem Saz erkennen, an deemno och Wierder als falsch markéieren, déi zwar richteg sinn, mä am falsche Kontext gebraucht goufen.

Um SpaweckÄnneren

Spellchecker.luÄnneren

GenerellesÄnneren

CortinaÄnneren


ReferenzenÄnneren

  1. Dës Method erënnert un d'Aarbechte vum russesche Mathematiker Andrei Andrejewitsch Markow (Hidden Markov Model), déi zum Beispill och vum Larry Page bei der Entwécklung vun der Internet-Sichmaschinn Google benotzt gouf
  2. Historique vum Spellchecker.lu
  3. Vun Zukunftskeess iwwer Hipster bis Pokémon