Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kölsch
Gëtt geschwat an: Däitschland
Regioun: Köln a ronderëm
Gëtt geschwat vun: 250.000 bis 750.000
Klassement:
Klassifikatioun no Famill: Indo-Europäesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun:
Reglementéiert vun:
Sproochcoden
ISO 639-1
ISO 639-2 gem (germanesch Sproochen)
ISO 639-3 ksh

D'Kölsch ass eng Variant vum Ripuareschen a gëtt zu Köln an an den ugrenzende Gemenge geschwat. Et ass – wat d'Zuel vun de Leit ugeet déi Kölsch schwätzen – déi gréisst Variant vum Ripuareschen an dem Zentralripuaresche bannent dem Mëttelfränkeschen.

Ripuaresch gehéiert zesumme mam Muselfränkeschen an dem Lëtzebuergeschen zum Mëttelfänkeschen, dat sech duerch d'Benrather Linn bei Düsseldorf vum Nidderfränkeschen oftrennt. Am Rhäinesche Fächer gëtt et nach aner Dialektgrenzen (Isoglossen). Änlech Dialekter ginn och zu Bonn a bis an d'Äifel erof geschwat. Dofir gläicht d'Kölsch och zum Deel der Lëtzebuerger Sprooch. Dat gesäit ee beispillsweis un dësem kölsche Spréchwuert, dat bal d'selwecht och am Lëtzebuergesche bekannt ass:

  • ksh: Besser en Mösch en d'r Hand wie en Duuv om Daach.
  • ltz: Léiwer e Spatz an der Hand wéi eng Dauf um Dag.

Kölsch huet eng speziell Bedeitung am Kölner Karneval, wou déi meescht Lidder am Dialekt sinn. Doriwwer eraus ass am Kölschen awer och Pop- a Rockmusek (BAP, Bläck Fööss) a Literatur geschriwwe ginn. Haut schwätzen allerdéngs ëmmer manner Leit an der Regioun den echten Dialekt. Déi Meescht hu sech scho méi oder manner staark un d'Houdäitscht ugepasst.

Literatur

änneren
  • Fritz Hoenig: Wörterbuch der Kölner Mundart. Nach der Erstausgabe von 1877. J.P. Bachem Verlag, Köln 1952.
  • Georg Heike: Zur Phonologie der Stadtkölner Mundart. Marburg 1964. (Deutsche Dialektgeographie Band 57)
  • Martin Hirschberg, Klaus Hochhaus: Kölsch för anzelore. Lütgen, Frechen 1990, ISBN 3-9802573-0-4.
  • Adam Wrede: Neuer Kölnischer Sprachschatz. 3 Bände. 12. Auflage. Greven Verlag, Köln 1999, ISBN 3-7743-0243-X.
  • Alice Tiling-Herrwegen: De kölsche Sproch. Kurzgrammatik Kölsch-Deutsch. 1. Auflage. J.P. Bachem Verlag, Köln 2002, ISBN 3-7616-1604-X.
  • Christa Bhatt: Kölsche Schreibregeln. 1. Auflage. J.P Bachem Verlag, Köln 2002, ISBN 3-7616-1605-8.
  • Helga Resch, Tobias Bungter: Sprachführer Kölsch. (mit einer CD gesprochen von Tommy Engel). 1. Auflage. Verlag Kiepenheuer & Witsch, Köln 2004, ISBN 3-462-03557-6.
  • Helga Resch, Tobias Bungter: Sprachführer Kölsch 2 – für Fortgeschrittene. (mit einer CD gesprochen von Tommy Engel). 1. Auflage. Verlag Kiepenheuer & Witsch, Köln 2005, ISBN 3-462-03591-6.
  • Christa Bhatt, Alice Herrwegen: Das Kölsche Wörterbuch. 3. Auflage. J.P. Bachem Verlag, Köln 2009, ISBN 978-3-7616-2358-9.
  • Peter Caspers: Op Kölsch – Das Wörterbuch Kölsch-Hochdeutsch, Hochdeutsch-Kölsch. Greven Verlag, Köln 2006, ISBN 3-7743-0380-0.
  • Alice Herrwegen: Mer liere Kölsch – ävver höösch. J.P. Bachem Verlag, Köln 2008, ISBN 978-3-7616-2201-8.
  • Margarete Flimm, Florian Wollenschein: Wörterbuch der kölschen Mundart. Kölsch-Deutsch Deutsch-Kölsch. Books on Demand, Norderstedt 2011, ISBN 978-3-8448-0659-5.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Wikipedia op Kölsch (Sprooch)
Commons: Kölsch (Sprooch) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren