St Stephen's Green

(Virugeleet vu(n) St. Stephen's Green)

St Stephen's Green (Iresch: Faiche Stiabhna) ass en 9 Hektar groussen ëffentleche Park am Zentrum vun der irescher Haaptstad Dublin.

Loftvue

En ass véiereckeg, mat ronderëm de Stroosse St Stephen's Green North, St Stephen's Green South, St Stephen's Green East and St Stephen's Green West.

Déi haiteg Form vum Park gouf vum William Sheppard entworf; an e goung de 27 Juli 1880 fir de Public op. E läit nieft enger vun de gréissten Akafsstroosse vun Dublin, der Grafton Street, an dem Stephen's Green Shopping Centre.

D'Parzelle ronderëm de Park, deen deemools eng Gemeinschaftsweed war, goufe vu 1663 u bebaut. 1664 koum eng Mauer ronderëm. Um Enn vum 18. Joerhonnert hat d'Plaz sech zu enger besserer Wunngéigend entwéckelt. Just nach wéineg Haiser aus där Zäit sinn erhalen, déi meescht Gebaier sinn am moderne Stil gebaut. Bis 1877 war de Park just fir Leit aus der Noperschaft zougänglech, dono gouf e fir de Public opgemaach, an e krut seng haiteg Form.

Um Spaweck änneren

Commons: St. Stephen's Green – Biller, Videoen oder Audiodateien