Edsger W. Dijkstra

hollänneschen Informatiker

Den Edsger Wybe Dijkstra, gebuer den 11. Mee 1930 zu Rotterdam a gestuerwen de 6. August 2002 zu Nuenen an Holland, war en hollänneschen Informatiker. 1972 krut hien den Turing-Präis fir fundamental Bäiträg am Beräich vu Programméiersproochen.

Edsger W. Dijkstra
Gebuertsnumm Edsger Wybe Dijkstra
Gebuer 11. Mee 1930
Rotterdam
Gestuerwen 6. August 2002
Nuenen
Doudesursaach Déckdaarmkriibs
Nationalitéit Holland
Educatioun Universitéit vu Leiden,
Universiteit van Amsterdam,
Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Mathematiker, Physiker, Informatiker, Ingenieur, Universitéitsprofesser, Wëssenschaftler
Member vun Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, American Academy of Arts and Sciences

Den Edsger Dijkstra war de Fils vun engem Cheemiker an enger Mathematikerin. Hien huet op der Universitéit Leiden Mathematik an theoreetesch Physik studéiert an huet séier gemierkt, datt hien u Programmatioun intresséiert war (gëllt als éischten hollännesche Programméierer). Hien huet op der Universitéit vun Eindoven geschafft, ier een 1984 op den Schlumberger Centennial Chair in Computer Sciences op d'Universitéit vun Texas gewieselt ass. Am Joer 1999 ass hien emeritéiert ginn an ass am August 2002 a senger Heemecht u Kriibs gestuerwen.

Zu senge Bäiträg zur Informatik zielt ënner anerem den Dijkstra-Algorithmus zur Berechnung vu kierzte Weeër a Graphen, souwéi d'Formuléierung vum dining philosophers problem an Zesummenhang mat Semaphoren. Hien huet de Begrëff vun der strukturéierter Programmatioun an der Informatik agefouert.

Um Spaweck änneren