D'Dynamesch Zäit ass deen am Ament modernsten astronomeschen Zäitsystem.

Si déngt wéi d'Ephemeridenzäit, aus der se 1984 ervirgaangen ass, fir d'Beschreiwung vun der Dynamik vun der orbitaler Beweegung vun der Äerd, dem Mound an de Planéiten am Sonnesystem. D'dynamesch Zäit ass domat am Géigesaz zu der Universalzäit net vun de klengen Ännerunge vun der Äerdrotatioun ëm déi eegen Achs ofhängeg. Si huet als Basiszäiteenheet déi op d'Atomauer baséiert Atomsekonn.

D'dynamesch Zäit (kuerz TD, vum franséischen: temps dynamique) gëtt a verschiddene Variante gebraucht:

  • d'Terrestresch Zäit (kuerz TT, vum franséischen: temps terrestrique), bis 1991 als Terrestresch Dynamesch Zäit (kuerz TDT, vum franséischen: temps dynamique terrestrique bezeechent;
  • d'TCG (vum franséischen: temps coordonné geocentrique, zanter 1991;
  • d'TCB (vum franséischen: temps coordonné barycentrique), zanter 1991;
  • d'Baryzentresch Dynamesch Zäit (kuerz TDB, vum franséischen temps dynamique barycentrique.

Hannergrond änneren

D'Astronomie brauch fir verléisslech Berechnunge vun astronomeschen Evenementer iwwer en ettlech Joerhonnerten oder Joerdausenden ewech eng gläichfërmeg Zäitskala, déi selwer mat der koordinéierter Weltzäit (UTC) net ginn ass. D'Zäitmiessungen déi bis 1967 op der verännerlecher Äerdrotatioun an Äerdëmlaf (tropescht Joer) baséiert hunn, hunn déi Ufuerderung net erfëllt. Dofir gouf 1960 eng gläichfërmeg verlafend Ephemeridenzäit (ET) als Grondlag fir astronomesch Berechnungen agefouert. Als Ephemeridesekonn huet den 31.556.925,9747sten Deel vum Tropesche Joer den 0. Januar 1900 (= 31. Dezember 1899) 12:00 UT gegollt.

Nodeems mat den Atomaueren héichprezis Zäitmiesser zur Dispositioun stoungen, huet misse beuecht ginn, datt relativistesch Effeten déi real Zäitmiessung och mat den Atomauere beaflossen: Beweegt Auere gi méi lues, geneesou och Aueren am Afloss vun engem Schwéierfeld, wéi vergläichbar Aueren, déi sech net beweegen oder wäit ewech vun der Schwéierkraftwirkung vun enger grousser Mass sinn.

D'Zäitmiessung mat Atomauere gëtt vun der Bunnvitess vun der Äerd (≈ 29,8 km/s), vun hirer Rotatiounsvitess souwéi vun de Masse vun der Äerd, vum Mound a vun der Sonn beaflosst. Fir vun dëse wackelnden Effeten eng fräi Zäitmooss ze haben, gouf d'Dynamesch Zäit (TD) definéiert, déi déi relativistesch Effeten eliminéiert.

Méi genee Zäitquelle si fir astronomesch Zwecker nëmmen d'Millisekonnepulsaren.

Varianten änneren

Terrestresch Dynamesch Zäit änneren

D'TDT ersetzt zanter 1984 d'Ephemeridenzäit (ET) als Basis fir d'Berechnung vun Ephemeriden (berechent Tabelle vun astronomeschen Evenementer). D'Terrestresch Dynamesch Zäit bezitt sech op den Äerdmëttelpunkt an eliminéiert déi relativistesch Effeter vun der Äerdrotatioun an dem Gravitatiounsfeld vun der Äerd. Fir datt d'TDT ouni Feeler un déi bis 1984 benotzten Ephemeridenzäit uschléisst, huet d'International Astronomesch Unioun (IAU) 1977 beschloss, datt 0:00 Auer vum 1. Januar 1977 der Internationaler Atomzäit 0:00:32,184 Auer selwechtem Datum der Terrestreschee Dynamescher Zäit entsprécht.

D'TDT gëtt zanter 1991 einfach als TT (vum franséischen: temps terrestrique) bezeechent.

Baryzentresch Dynamesch Zäit änneren

D'TDB bezitt sech als zweet dynamesch Zäit op de Mëttelpunkt vum Sonnesystem (Baryzentrum). Déi Zäit eliminéiert och déi relativistesch Effeter aus dem Ëmlaf vun der Äerd ëm d'Sonn souwéi der Gravitatiounswiirkung vu Sonn, Mound an den anere Planéiten. D'IAU hat beschloss, d'TDB op Basis vun der TDT ze berechnen an dobäi déi nëmme periodesch Terme ze berécksichtegen (Aflëss vun der Sonne-, Äerd-, Mound- a Planéitebeweegung souwéi der Beweegung vum Baryzentrum), an zwar ënner Hypothees vun der Wierksamkeet vun der Relativitéitstheorie vum Einstein.

Aus dëser Definitioun ergi sech Ofwäichungen tëscht TDT an TDB vun manner wéi 5 Millisekonnen.

Dynamesch Koordinatenzäiten änneren

Déi 1991 agefouert Koordinatenzäiten TCG an TCB sinn d'Zäiten am Geocentric Celestial Reference System (GCRS) respektiv am Barycentric Celestial Reference System (BCRS), bei deenen et sech net nëmmen ëm Zäitskalen, mä ëm Raumzäitkoordinatesystemer handelt.

Verhältnes zu aneren Zäitsystemer änneren

International Atomzäit änneren

Obwuel déi dynamesch Zäit wéi d'International Atomzäit (TAI) op der selwechter Zäiteenheet SI-Sekonn berout, kéinte béid Zäiten eemol ausernee lafen, well d'International Atomzäit op der tatsächlecher Zäitzielung duerch Atomauere berout, bei där méiglecherweis systematesch Feeler optriede kéinten. Déi Terrestresch Dynamesch Zäit (TDT) ass dogéint eng ideal gläichfërmeg verlafend Zäit. Déi geschaten Ofwäichung tëscht TDT an TAI hat tëscht 1977 an 1990 manner wéi ±10 µs, eng Korrektur vum festen Offset vun 32,184 Sekonne war net néideg.

Universal Time a Koordinéiert Weltzäit änneren

Universal Time (UT) ass keng streng gläichfërmeg Zäit, well si sech un der Äerdrotatioun orientéiert an déi sech onreegelméisseg drosselt. D'Koordinéiert Weltzäit UTC baséiert zwar am Géigesaz zu der Universal Time wéi d'Dynamesch Zäit op der Sekonn, awer dës gëtt duerch Asetze vun der Schaltsekonne vun Zäit zu Zät un d'Universal Time ugeglach. D'UT leeft der TDT zouhuelend viraus. D'Differenz tëscht Terrestrescher Dynamescher Zäit an Universal Time gëtt Delta T (ΔT) genannt. Mëtt August 2017 hat si 68,84 Sekonnen ausgemaach.[1]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Fred Espenak: Delta T (ΔT) and Universal Time