Zäitsystem
De Begrëff Zäitsystem ëmfaasst
- an der Wëssenschaft eng genee definéiert Zäitskala oder eng zesummegehéierend Grupp vun änleche Skalen, op déi konkreet (gemoossen oder berechende) Zäitpunkte bezunn kënne ginn. Déi Skale sinn eng Aart Moossstaf vun der Zäitmiessung an hunn
- als Grondlag e physikalesch-theoreetesche Modell, dat
- fir déi technesch Uwendung räichlech genee realiséiert si muss, beispillsweis duerch Zäitsignaler.
- Dat wichtegst vun deenen Zäitsystemer ass dat vun der Weltzäit (UT1, UTC) a säin Zesummenhank mat der Atom- a Stärenzäit. Et berout op der atomphysikalesch definéierter SI-Sekonn, der Bunnbeweegung vun der Äerd an der Äerdrotatioun.
- A Beräicher vun der Technik an am Alldag bedeit d'Wuert „Zäitsystem“ och individuell Zäitskalen, déi manner schaarf definéiert an dem jeeweilegen Zweck ugepasst sinn. Beispiller heifir sinn:
- Zäitsystemer fir Aarbechtsvirbereedung oder fir Stiechaueren
- Software fir Déngschtleeschtungs-Betriber (zum Beispill GeoCON)
- Oszillatoren, Schwéngungsquaarze fir PC-Betribsystemer
- Controller, Zäitmarken, Schaltkreeser asw.
- An der Chronologie an an der Geologie d'Definitioun vu Zäitskalen duerch groussarteg Evenementer wéi
- Grënnung vu Staaten an Dynastien - zum Beispill fir Roum: „ab urbe condita“
- Oflaf vu geologescher Formatioune a paleontologescher Leetfossiller, kuckt och Stratigraphie.
- bei Spiller, besonnesch Zwoupersounespiller, ein Reegelwerk, fir de Spiller gläichméisseg vill Bedenkzäit ze ginn, kuckt Bedenkzäit.
Kontinuéierlech Zäitskalen als Grondlag vun alle Zäitsystemer kënnen och zur Bestëmmung vun Zäitdifferenze déngen – zum Beispill a Form vu Lafzäiten, Rechenzäiten, asw. Zäitdifferenze kënnen awer och onofhängeg vu Skale gemooss ginn - zum Beispill mat enger Stoppauer, mat engem Oszillator, enger Sandauer oder op dem Ëmwee iwwer eng Vitess.