Banque nationale du Grand-Duché de Luxembourg

Lëtzebuerger Bank

D'Banque nationale du Grand-Duché de Luxembourg war eng lëtzebuergesch Bank, déi 1873 gegrënnt gouf[1] an 1881 Faillite gemaach huet.

Banque nationale
du Grand-Duché de Luxembourg
Grënnungsdatum 16. Mee 1873
Branche Bank
Grënnungsaktie vun der Nationalbank

D'Grënnungsmembere waren de Jacques Errera-Oppenheim, e Banquier vu Bréissel, d'Banque de Bruxelles vu Bréissel, d'Rotterdamsche Handelsvereeniging vu Rotterdam an den François Berger, Deputéierten a Banquier vu Lëtzebuerg[1]. Den éischte President war de Georges Ulveling. Direkter war de Jules Funck[2].

D'Bank sollt e Virreider vun enger Zentralbank sinn. Bei der Grënnung gouf sech staark un der belscher Zentralbank inspiréiert[3]. D'Bank krut och direkt d'Recht, Geldschäiner ze drécken. D'BIL, déi bis dunn dee Privileeg hat, war net frou iwwer déi Decisioun vun der deemoleger Regierung, a wollt kee Konkurrent.

Wéi de 26. September 1881 d'Bank Faillite gemaach huet, hunn d'Leit déi am Besëtz vu Billjeeë waren, déi vun der Banque nationale gedréckt gi waren, dës op der Plëss d'Arem aus Protest verbrannt. De 27. September 1881 huet den deemolege Finanzminister Victor von Roebe e Gesetz proposéiert, dat de Lëtzebuerger Staat verflicht huet, all Billjeeën ze rembourséieren[4]. De Staat huet dofir e Kredit bei der BIL missen ophuelen.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Arrêté royal grand-ducal du 16 mai 1873 qui autorise l'établissement de la Société anonyme de «Banque Nationale du Grand-Duché de Luxembourg» et approuve les statuts de cette Société. legilux.public.lu (17.05/187.). Gekuckt de(n) 02.07.2020.
  2. Arrêté royal grand-ducal du 2 avril 1879 portant autorisation de l'établissement d'une Société anonyme de Crédit foncier luxembourgeois et approbation de ses statuts. legilux.public.lu (07.04.1879). Gekuckt de(n) 02.07.2020.
  3. Brochure Banque Centrale du Luxembourg, S. 8 (fr)
  4. Loi du 8 octobre 1881 concernant le remboursement des billets au porteur de la Banque Nationale. legilux.public.lu (14.10.1881). Gekuckt de(n) 02.07.2020.