Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Anne Pescatore-Feltz, gebuer den 18. Oktober 1842 zu Sierk, a gestuerwen den 10. Abrëll 1933 zu Lëtzebuerg, war eng Molerin[1]. Bekannt sinn och en ettlech Exlibrissen déi si entworf huet.

Anne Pescatore
Gebuertsnumm Anne Catherine Feltz dit Laroche
Gebuer 18. Oktober 1842
Sierk
Gestuerwen 10. Abrëll 1933
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Famill
Bestuet mat Dominique-Antoine Pescatore
Kanner Françoise Pescatore, Théodore Pescatore

D'Anne Feltz huet am Atelier vun hirer Mamm Elisabeth Pilon geléiert molen[2]. Si war Member vum Cercle artistique de Luxembourg. Am Alter vun uechtzeg Joer huet si nach um Salon des Arts de la Lorraine deelgeholl[3].

Si war mam Dominique-Antoine Pescatore (1842-1916) bestuet. D'Koppel hat siwe Kanner, dorënner den Théodore an d'Françoise Pescatore (1877-1954).

D'Anne Feltz ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen a gouf um Nikloskierfecht begruewen[4].

 

Kuckt och

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. Welter, J., réd. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. Herr, L. (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN2-87963-382-6. S. 248.
  3. "Mme Anne Pescatore", L'indépendance luxembourgeoise 31. Dezember 1921.
  4. "Mme Antoine PESCATORE née Anna Catherine« FELTZ", Doudesannonce vun der Famill, am Luxemburger Wort vum 10, Abrëll 1933