Diskussioun:Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg

Letzter Kommentar: viru(n) 13 Joer von Fliedermaus in Abschnitt Untitled

Untitled änneren

Wei nënnen mer dei allgemeng Monumenter, dei un den Zweete Weltkrich erënneren: Krichsmonument oder iwwerhuelen mer dat franseischt Wuert 'Monument aux Morts' waat jo och am lëtzebuergeschen Sproochgebrauch ass. corto_lu

Fir mech sinn déi zwéin plausibel. --Zinneke

Moien, sollen hei net och déi Erënnerungsplacken opgezielt ginn déi un eenzel Persounen erënneren déi hiert Liewen am zweet Weltkrich gelooss hunn. Les Meloures 17:36, 8. Feb. 2011 (UTC)Äntweren

Firwat net - wann dat net zevill wäitleefeg gëtt; där ginn et der eng jett. An da sinn nach déi, déi un iergenwellech Militärbatalliounen erënneren, déi do dann an dann eppes gemaach hunn... --Zinneke 17:47, 8. Feb. 2011 (UTC)Äntweren

An ech froe mech, ob net, wann d'Lëscht bis emol consolidiéert ass, eng gutt Séil eng Tabell kinnt draus bastelen, da kinnt een och eng kleng Foto drasetzen. D'Rubrike wieren: Numm, Plaz (a Strooss), Uertschaft, Ageweit, Koordinanten, Bild. --Zinneke 17:45, 8. Feb. 2011 (UTC)Äntweren

Remoien,

Soll een domat waarden bis d'Lëscht riseg grouss ass an da kee méi Loscht huet fir un sou e Monsterwierk erunzegoen. Les Meloures 18:16, 8. Feb. 2011 (UTC)Äntweren

PS. Wéi wier den Haaptzortéierschlëssel. Les Meloures 18:19, 8. Feb. 2011 (UTC)Äntweren
Ech géng soen:d'Uertschaft. --Zinneke 00:40, 9. Feb. 2011 (UTC)Äntweren
Ech géng och soen: d'Uertschaft. Soll een an deem Fall d'Lëscht net direkt richteg sortéieren? --Pecalux 07:57, 9. Feb. 2011 (UTC)Äntweren

Ech hun eng Lescht mat iwwer 500 Referenzen. Ech wollt dei lues a lues androen. Ech kann domat awer och warden bis een, dee wees wei dat geet sou eng Tabell gemach huet. cort_lu

Numm Plaz Uertschaft Ageweit Koordinaten Bild
Borne du Passeur Fréiere Kierfecht Péiteng 18. Mee 1961 49° 33’ 30.92’’ N 05° 52’ 27.37’’ O  
Monument Pafemillen Pafemillen 1969 50° 06’ 29’’ N
      06° 00’ 25’’ O
 

Hei mol e Modell. D'Koordinate stëmmen net honnertprozenteg ech wess net genee wou se steet. Les Meloures 18:39, 8. Feb. 2011 (UTC)Äntweren

ausser d'koordinate fannen ech dee modell gudd, d'codéierung schengt mer just superkomplizéiert oder?

D'Koordinate kënnen och an zwou Reie geschriwwe ginn dat gëtt déi Kolonn méi schmuel. Se sinn awer wichteg fir wann ee wëll um google kucken, wou dat Dénge steet. Ech hunn nach eng Rei derbäigesat datt ee gesäit wéi weidergefuer ka ginn. --Les Meloures 20:14, 8. Feb. 2011 (UTC)Äntweren

@Les Meloures: Tipptopp dat doten!@Corto: Et ass manner komplizéiert, wéi et ausgesäit. Wann der bis e puer do stinn, gëtt d'Logik séier kloer: Einfach zwee || fir déi nächst Kolonn unginn. De Rescht Formatéierung kann an anere Reie geknäipt ginn.--Zinneke 00:38, 9. Feb. 2011 (UTC)Äntweren
E puer Froen:
Et gi Monumenter déi am Laf vun der Zäit deplacéiert an dunn eng 2.te Kéier ageweit goufen. Iwwerhuele mer dat och an eis Lëscht?
An deem Fall dohischreiwen: "Zweet Aweiung: nn.nn.nnnn"
Wa neen, watfireen Aweiungsdatum ernimme mer dann?
D'Lëscht zielt, par définition, jo nëmme Monumenter aus dem 2.te Weltkrich op. Lo ginn et der awer och, wéi z.B. d'Gëlle Fra, déi zousätzlech och un d'Krichsaffer aus dem 1. Weltkrich erënneren. Wéi behandele mer déi? An d'Krichsmonumenter aus anere Kricher vu virum oder nom 2.te Weltkrich (Klëppelkrich, Koreakrich)? Sinn déi net derwäert opgelëscht ze ginn oder fabrizéiere mer do aner Lëschten? --Pecalux 07:57, 9. Feb. 2011 (UTC)Äntweren
Moien,
déi vun anere Kricher hu sécherlech net manner "Wäert" wéi déi hei. Et kann eee jo eng Lëscht vun de Krichsmonumenter zu Lëtzebuerg uleeën, mat Ënnerkapitelen zu 1. WKR, Koreakrich, Spueniekrich, Klëppelkrich, et j'en passe, an eeben och ee Kapitel zum 2. Weltkrich, wou just stéing:
  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg.
.
Wann dat hei eng Kéier 500 Referenze solle ginn, wier et souwisou sënnvoll, dat dann eng Kéier ze splécken/a méi Säiten ënneranzedeelen (wéi, misst ee sech nach iwwerleeën). Loosse mer näischt iwwerstierzen, hei ass Aarbecht fir Wochen a Méint. --Zinneke 09:27, 9. Feb. 2011 (UTC)Äntweren

Btw, eng intressant Quell am Internet (wann och net 100% akkurat, wat d'Uertschaftsnimm ugeeet): http://www.ww2museums.com/country.asp?countryid=3&provinceid=46

Moien,

De Militärmusee vun Dikrech huet och Lëschten op senger Websäit: http://www.mnhm.lu/pageshtml/bulgememorials.php --Fliedermaus 14:39, 9. Feb. 2011 (UTC)Äntweren

2 Froen zu Esch-Uelzecht änneren

Moien, 2 Froen zu Esch:

Moien, dat géing mech wonneren. Ech sinn duerch Zoufall op d'Graf gestuess, dat leit ganz diskret tëschent aneren. Also nach eng Kéier driwwer trëppelen, dee Kierfecht ass grouss. --Jwh 23:05, 27. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren
Steet et dann iwwerhaapt um Kierfecht oder enzwousch anescht? --Les Meloures 11:48, 28. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren
  • Op der Place des Sacrifiés (fréier Stäreplaz) bei der Badanstalt steet just ee Monument, dat fir d'"Jeunesse sacrifiée". Wat wier da mat "Monument pour les enrôlés de force" gemengt, dat opgelëscht ass? Dat selwecht? Eng Verwiesselung? Eng Ëmbenennung ieren?

--Zinneke 21:58, 27. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

Gemeng Péiteng änneren

Gutt Beschreiwung vun deenen an der Gemeng Péiteng: http://www.petange.lu/la-commune-se-presente/la-commune-se-souvient --Zinneke 08:05, 29. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

Gemeng Jonglënster änneren

--Fliedermaus 09:25, 15. Abr. 2011 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg".