Monument Jeunesse sacrifiée Esch-Uelzecht

Krichsmonument, fir déi jonk Leit déi hir Jugend, hir Gesondheet oder hiert Liewen am Zweete Weltkrich verluer hunn

D'Monument 'Jeunesse sacrifiée' zu Esch-Uelzecht ass e Krichsmonument, dat un déi jonk Leit erënnere soll, déi hir Jugend, oder och hir Gesondheet oder hiert Liewen, am Zweete Weltkrich verluer hunn.

Monument Jeunesse sacrifiée Esch-Uelzecht
Typ Gedenkplack
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Plaz Esch-Uelzecht
Koordinaten 49°30'0,8413"N, 5°58'38,9255"O
Ageweit 26. September 1987
Material Minette (Geologie)

Et besteet aus engem Minettsteen, op deem eng Plack ubruecht ass.

Dorop steet:

En l'honneur de la
Jeunesse Sacrifiée
1940-1945

D'Monument steet op der Place des Sacrifiés, der fréierer Stäreplaz. Et gouf de 26. September 1987 ageweit.[1]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Jeng Geimer: "Ces monuments témoins de notre passé: Monuments et bâtiments historiques à Esch." In: 100 Joer Esch 1906-2006. Esch-sur-Alzette, 2005, S. 280-295; hei: S.292.