Arrondissementer am Departement Côte-d'Or
Wikimedia-Lëschtenartikel
D'Departement Côte-d'Or besteet aus dräi Arrondissementer mat follgenden Haaptuertschaften: Dijon, Beaune a Montbard.
Déi dräi Arrondissementer sinn:
Geschicht
änneren- 1790 gëtt d'Departement Côte-d'Or mat 7 Distrikter gegrënnt: Arnay-le-Duc, Beaune, Châtillon-sur-Seine, Dijon, Is-sur-Tille, Saint-Jean-de-Losne a Semur-en-Auxois.
- 1800 ginn Distrikter duerch d'Arrondissementer Beaune, Dijon, Châtillon-sur-Seine, a Semur-en-Auxois ersat.
- 1926 gëtt d'Arrondissement Châtillon-sur-Seine suppriméiert, an d'Ënnerprefecture Semur-en-Auxois gëtt op Montbard verluecht.