Diane Feipel

lëtzebuergesch Politikerin

D'Diane Feipel, gebuer den 20. August 1979 an der Stad Lëtzebuerg ass eng lëtzebuergesch Politikerin. Si war vu Februar 2013 bis Juni 2023 Buergermeeschtesch vun der Gemeng Leideleng. Si ass bestuet a Mamm vun zwee Meedercher.

Diane Feipel
Diane Feipel (2019)
Gebuer 20. August 1979
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Beamten, Politiker

D'Diane Feipel goung zu Leideleng an d'Grondschoul an huet duerno hir Première am Lycée Michel-Rodange gemaach. Si schafft als Gemengebeamtin op der Gemeng Dippech.

Politesch Karriär änneren

Hire Grousspapp, den Emile Feipel, war schonn am Gemengerot zu Leideleng. Hire Papp, de Jean Feipel, war iwwer 30 Joer bis zu sengem Doud, den 2. Juli 2011 am Leidelenger Gemengerot. Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011[1], bei deene si aus Respekt zu hirem Papp kandidéiert huet, gouf si als zweet nom Rob Roemen gewielt a gouf dunn 1. Schäffin.

Nom onerwaarten Doud vum Rob Roemen de 25. Dezember 2012 gouf si am Februar 2013 als Buergermeeschtesch vu Leideleng vereedegt. Bei de Gemengewale vum 8. Oktober 2017[2] huet si zesumme mat der Equipe vun der Buergermeeschtesch kandidéiert a gouf als Éischtgewielt an hirem Amt als Buergermeeschtesch confirméiert.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. D'Resultater vun de Gemengewalen 2011
  2. D'Resultater vun de Gemengewalen 2017