Tild ass den Numm vum diakriteschen Zeechen ~. D'Tild steet meeschtens iwwer (méi seelen ënner) engem Buschtaf; an den Naturwëssenschaften ass s'en eegestännegt Symbol. Den Numm kënnt aus dem Latäin titilus (Tableau, Schrëft uewendriwwer).

Tild

Bei SproochenÄnneren

An der portugisescher Schreifweis gëtt d'Tild iwwer de Vokaler 'a' an 'o' gebraucht, fir unzeweisen, datt déi nasaléiert (duerch d'Nues) ausgeschwat ginn (/ã/ an /õ/). Am internationale phoneteschen Alphabet huet se déi selwecht Funktioun.

Am Spuenesche steet d'Tild iwwer dem /N/, fir unzeweisen, datt deen wéi [ɲ] ausgeschwat gëtt (wéi an "España"). Och aner Sproochen, wéi Baskesch, Bretonesch, Estesch oder Vietnameesesch gebrauchen d'Tild.

NaturwëssenschaftenÄnneren

An den Naturwëssenschaften gëtt mat der Tild ausgedréckt, datt zwou Saachen an engem gläiche Verhältnes zouenee stinn (proportionell sinn); z. B. fir unzeginn, datt eng ofgeluechten Distanz s proportionell zu der ofgeluechter Zäit t ass, kann ee schreiwen: s ~ t.

Zwee iwwerenee geschriwwen Tilden drécken aus, datt eppes ongeféier eppes anerem entsprécht: z. B. π ≈ 3,14169.