Desnié
Desnié ass eng Uertschaft an der belscher Gemeng Theux an der Provënz Léck a Wallounien.
Desnié | |
---|---|
Den Îlot des Arbres zu Basse-Desnié | |
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Verviers |
Gemeng | Theux |
Koordinaten | 50° 27’ 44’’ N 05° 48’ 39’’ O |
Telefonszon | 087 |
Postcode | 4910 |
Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Desnié zur fréierer Gemeng La Reid gehéiert.
D'Uertschaft besteet aus den zwéin Deeler Basse-Desnié an Haute-Desnié. Duerch d'Uertschaft leeft de Ruisseau de Desnié eng Niewebaach vun der Eau Rouge.
Kuckeswäertes
änneren- Den Tram, e Gebaierkomplex an enger Rei, deen aus der Kierch, dem Paschtoueschhaus an der fréierer Schoul besteet.
- De Kierfecht mat en ettleche Caveauen a monumentale Griewer, leider vill a schlechtem Zoustand, 5 Commonwealthgriewer vu britteschen Zaldoten déi do am Éischte Weltkrich zu Fagne Marron ëm d'Liewe koumen, an de Pavillon Trasenster deen de Gustave Trasenster, e Schmelzenhär vun der Ougrée-Marihaye, do als Kopie vum Pavillon vun der Kinnigin Jeanne deen zu Baux-de-Provence steet, opriichte gelooss huet.
- Eng kleng Muttergotteskapell vun 1946 als Merci, well d'Duerf vun der Ardennenoffensiv verschount bliwwe war.
- Den Îlot des Arbres mat dem Kräiz an der Mëtt
Desnié am Sport
ännerenDe Stouss vun Desnié steet reegelméisseg um Progamm vun der Classique Léck-Baaschtnech-Léck.
Biller
änneren-
De Pavillon vun der Famill Trasenster um Kierfecht vun Haute-Desnié
-
Commonwealthgriewer um Kierfecht vun Haute-Desnié
-
De Ruisseau de Desnié op der Héicht vun der Kierch
-
Muttergotteskapell vun 1946 zu Haute-Desnié
| |||
Sektiounen: La Reid · Polleur · Theux |