Bronromme och Bronrome ass eng Uertschaft an der belscher Gemeng Theux an der Provënz Léck a Wallounien.

Bronromme
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Theux
Koordinaten 50° 26’ 39’’ N 05° 48’ 29’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4910

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Bronromme zur fréierer Gemeng La Reid gehéiert.

D'Uertschaft déi aus knapps enger hallwer Dosen Haiser besteet läit um südlechen Enn vun der Gemeng no bei der Vèquée déi do op 561 Meter iwwer déi héchst Plaz vun der Gemeng féiert. Et ass och déi drëtthéchst Uertschaft an der Belsch. D'Eau Rouge huet hir Quell am Südoste vum Duerf.

An der Zäit vum Zweete Weltkrich war Bronromme eng Héichbuerg vun der belscher Resistenz. Um Flouer ronderëm goufe vill Parachutagë mat Material fir de Maquis gemaach. E puer Plazen an der direkter Ëmgéigend erënneren un d'Schéissereie mat der Wehrmacht besonnesch am September 1944, an un d'gefale Resistenzler, haaptsächlech Membere vun der Grupp 44 vun der belscher Armée secrète oder alliéiert Geheimdéngschtler déi an d'Armée secrète integréiert gi waren.

Uertschaften an der Gemeng Theux

Sektiounen: La Reid · Polleur · Theux
Aner Uertschaften: Becco · Bronromme · Desnié · Fays · Hestroumont · Hodbomont · Jehanster · Jehoster · Jevoumont · Juslenville · Marché · Mont · Oneux · Pouillou-Fourneau · Raborive · Rondehaie · Sassor · Sasserotte · Spixhe · Tancrémont (en Deel) · Vert Buisson · Winamplanche