De Ruisseau de Desnié ass eng kleng Baach an der Gemeng Theux. Si entsteet aus dem Zesummelaf vun zwéi Grief südlech vun Haute-Desnié op enger Héicht vu ronn 400 Meter.

Ruisseau de Desnié
Längt 1.2 km
Hydrographesche
Baseng
Meuse
Originn
Originn 2 Grief
Héicht 400 m
Konfluenz
Leeft an d'EauRouge
Plaz Haldeboeuf
Héicht 290 m
Geographie
Land Belsch

Vun do leeft d'Baach de ganzen Zäit an nërdlecher an an nordëstlecher Richtung duerch Haute- a Basse-Desnié fir direkt duerno net wäit vun der Fuurt bei der Cascade de Haldebeouf op enger Héicht vun 290 m an d'Eau Rouge ze lafen. S'ass ronn 1.200 m laang. Et ass eng Baach déi haaptsächlech vun Uewerflächewaasser gefiddert gëtt, an dofir an dréchenen Zäiten net vill Waasser féiert, dat och nach am stenge Bett versickert.

Chaînage änneren

Baseng Niewewebaseng Direkt Nieweflëss Rang 3 Rang 4 Rang 5 Rang 6
Meuse Ourthe Weser Hoëgne Wayai Eau Rouge Ruisseau de Desnié