André Joseph Jourdan

franséische Politiker

Den André Joseph Jourdan, gebuer de 15. Dezember 1757 zu Aubagne, a gestuerwen de 6. Juli 1831 zu Marseille, war e franséische Politiker.

André Joseph Jourdan
Gebuer 15. Dezember 1757
Aubagne
Gestuerwen 6. Juli 1831
Marseille
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker

Hien hat sech géint d'Franséisch Revolutioun ausgeschwat an ass emigréiert, konnt awer spéider zeréckkommen a seng politesch Karriär weiderféieren. Hie gëllt als konservativ.

Hie war vun 1808 bis 1814 Prefekt vum Département des Forêts.

1810 krut hien den Titel Baron de l'Empire. 1814, ënner dem Napoleon Bonaparte, an duerno ënner der zweeter Restauratioun, huet hie Funktiounen op nationalem Niveau (Relatioune mat der Kierch) kritt.