Demy Schlechter
Den Demy Schlechter, gebuer als Dominique Schlechter de 16. Februar 1884 zu Donkels[1][2] a gestuerwen den 13. Juni 1923 um Lampertsbierg[3], war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
Demy Schlechter | |
---|---|
Gebuertsnumm | Dominique Schlechter |
Pseudonym | D., D.S., Ymed, vun dém an dém |
Gebuer |
16. Februar 1884 Donkels |
Gestuerwen |
13. Juni 1923 Lampertsbierg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Famill | |
Bestuet mat | Anne Muller |
Papp | Jaen-Baptiste Schlechter |
Mamm | Caroline Wolter |
Kanner | Ger Schlechter, Péil Schlechter, Anny Schlechter, Robert Schlechter, Victor Schlechter |
Liewen
ännerenDem Demy Schlechter seng Eltere waren de Jean-Baptiste Schlechter (1852-1944) an d'Caroline Wolter (1860-1922). De Papp war Douanier zu Ënnereesbech, wat erkläert firwat den Demy zu Donkels gebuer an och déi éischt Joren do gewunnt huet.
No der Primärschoul ass hien ass zu Dikrech an de Kolléisch gaangen, dat awer just zwee Joer, well seng Elteren e Geschäftsmann aus him maache wollten. Hie gouf deemno an d'Stad an e Buttek an d'Léier geschéckt. Hien huet sech awer éischter fir d'Literatur an d'Konscht interesséiert, huet sech niewelaanscht dodra virugebilt a mat dichten ugefaangen, zu där Zäit nach op Däitsch. Hien huet seng éischt Lidder op de Veranstaltunge vun der Union des employés de commerce virgedroen.
Nodeem hien dem Willy Goergen seng Heemechtstéin (original: Hêmechts-Tên) gelies hat, huet en decidéiert, just nach op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Säin éischt Gedicht, „Fir déi Aarm“ (original: Fir de' Arem), gouf 1908 an Ons Hémecht publizéiert[4]. Hien huet zu där Zäit an der Stad am Fënsterschlass gewunnt, wou séi Papp eng Wiertschaft hat.
1911 ass säin éischt Kaméidistéck, en Eenakter, mam Titel „Sou sinn s'all“ (So' sin s'all) erauskomm; d'Stéck war vum Pol Albrecht vertount ginn. Et war e Stéck ouni ze vill Uspréch, an awer ass dem Schlechter säin Numm an den interesséierte Kreesser bekannt ginn. Zu deene Kreesser huet ë. a. och e Grupp vu Literaten, Kënschtler a Politiker gehéiert, dee vum Professer Lucien Koenig, besser bekannt als Siggy vu Lëtzebuerg, an d'Liewe geruff gouf. Den Demy Schlechter huet sech gutt an deem literareschen a politeschen (also nationalisteschen) Grupp erëmfonnt an hie blouf dem Grupp bis zu sengem Doud trei. Aus deem Grupp ass méi spéit déi nationalistesch Lëtzebuerger Nationalunioun (original: Letzeburger Nationalunio'n) entstanen. De Schlechter huet eng Zäit laang d'Redaktioun vun der D'Natio'n geleet, dem Organ vun der Letzeburger Nationalunio'n.
De Schlechter war och den Auteur vun den Texter fir d'Revue „Lëtzebuerger Flautrereien“ déi am Joer 1912 vun der Société royale grand-ducale harmonie opgefouert gouf, huet se awer net a sengem Numm erausginn, mä am Programmheft stoung: „Revue vum Joer a 5 Biller mat Ballet an aner Gedengs vun dém an dém“.
Duerno huet en zwee Stécker geschriwwen, déi awer net gedréckt goufen: Wat de Villche vum Chrëschtkëndche krut a Wat den Himmel huet gebonnen. Duerno huet den Demy Schlechter e Gedichtsband publizéiert, Vioulen, an en Eenakter, Et woren zwee Kinnekskanner. E weidere Gedichtsbändchen Nei Vioulen koum net méi eraus, an en Theaterstéck a 4 Akten, Déi helleg Äerd, ass net méi fäerdeg ginn, wéi de Schlechter, deen um Enn vu sengem Liewe selbstännege Reesender war, gestuerwen ass.
Famill
ännerenDen Demy Schlechter huet sech de 5. Oktober 1909 mat der Anne Muller (1880-1962) bestuet; d'Koppel krut fënnef Kanner[5]:
- Anne Marie Caroline, genannt Anny (1910-?)
- Robert Marie J.B., genannt Röbchen[6] (1913-1978)
- Gérard Marie Lucien, genannt Ger (1915-2002)
- Victor Marie Pierre (1917-?)
- Paul Marie J.-P., genannt Pe'l (*1921)
Si hunn alleguer hirem Papp seng Léift fir d'Lëtzebuergescht geierft.
Den Demy Schlechter war de Grousspapp vun der Schauspillerin Annette Schlechter, der Molerin Lysiane Schlechter an de Schrëftsteller Lambert a Pit Schlechter.
Éierung
ännerenFir un den Demy Schlechter z'erënnere gouf zu Bouneweg an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him genannt: d'Rue Demy Schlechter
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- Schlechter, Demy, Evy Friedrich, and Pe’l Schlechter. Literarescht Wierk. Krëschtnech: Émile Borschette, 1988. Print.
Um Spaweck
ännerenWikisource: Demy Schlechter – Quellentexter |
Referenzen
änneren- ↑ (de)Luxembourg, Church and Civil Registration, 1601-1923. FamilySearch, Entry for Dominique Schlechter and Jean-Baptiste Schlechter (17.02.1884). Gekuckt de(n) 25.09.2024.
- ↑ deels ass an der Literatur och e falsche Gebuertsdatum (12.02.21884) ze fannen
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 14. Juni 1923
- ↑ (lb)Fir de' Arem. Ons Hémecht, 14. Jg., nº 10, p. 361 (01.10.1908). Gekuckt de(n) 25.09.2024.
- ↑ « Tableau synoptique: Descendants de Dominique Schlechter » als Annex an „Literarescht Wierk“ (kuckt: Literatur)
- ↑ (fr)Avis de décès. Luxemburger Wort, 130. Jg., n° 68, p. 9. (23.03.1977). Gekuckt de(n) 25.09.2024.