Pit Schlechter (Auteur)

lëtzebuergesche Schrëftsteller
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Auteur Pit Schlechter. Fir de Vëlossportler, kuckt wgl. Pit Schlechter (Vëlossportler).
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Pit Schlechter, gebuer den 29. Januar 1949[1], ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

Pit Schlechter
De Pit Schlechter op de Walfer Bicherdeeg (2022)
Gebuer 29. Januar 1949
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Jongelycée,
Cours supérieurs,
Universitéit Saarbrécken
Aktivitéit Enseignant, Auteur
Famill
Papp Péil Schlechter

No senger Première am Stater Jongelycée huet hien ee Joer op de Cours universitaires an duerno op der Universitéit Saarbrécken Germanistik a Romanistik studéiert an zum Dr phil. promouvéiert. Hie war bis zu senger Pensionéierung Enseignant fir Däitsch ë. a. zu Dikrech an zu Miersch an ass fräie Mataarbechter beim LOD.[2]

Fir säi Buch De Fléiepëlz, E Lëtzebuerger Orbis Pictus krut hien 2022 de Lëtzebuerger Buchpräis.

De Pit Schlechter ass e Bouf vum Pe'l Schlechter.


Referenzen änneren

  1. Quell: biografesch Notiz an De Fléiepëlz, E Lëtzebuerger Orbis Pictus, S. 116
  2. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Pit Schlechter, ein 'Knouterer', schnappt sich den Buchpreis." wort.lu [w+], 17.11.2022.