Flag Germany template.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Speyer ass eng Stad vun historescher a kultureller Bedeitung, um Ieweschte Rhäin. Gegrënnt vun de Réimer ënner dem Numm Noviomagus oder Civitas Nemetum (Haaptstad vu der germaneschen Nemeter), zielt se zu den eelste Stied vun Däitschland a gouf als Spira ëm 600 Zentrum vum Speyergau. Am Mëttelalter war Speyer als fräi Räichsstad eng vun de bedeitendste Stied vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun. Tëscht 1816 an 1945 Sëtz vun der bayerescher Verwaltung vun der Pfalz, gehéiert Speyer haut als kreesfräi Stad zu Rheinland-Pfalz an huet gutt 50.000 Awunner.

Speyer
DEU Speyer COA.svg
Speyerer Dom Dach.jpg
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Awunner 50.378 (30 September 2019)
Fläch 42.58
Héicht 103
Koordinaten 49°19'10"N, 8°25'52"O
Telefonszon 06232
Postcode 67346
Websäit http://www.speyer.de
Jumelage mat Chartres, Kursk, Ravenna, Tønsberg
Rhineland-Palatinate SP.svg


Bléck op de Speyerer Doum vun der Maximilianstrooss aus

Bekannt ass Speyer duerch de Keeser- a Mariendoum. Hien ass op der ganzer Welt déi gréisst bis haut erhale romanesch Kierch a steet zanter 1981 op der Weltierfschafts-Lëscht vun der UNESCO. Speyer huet och eng Universitéit, déi wéinst hirer verwaltungswëssenschaftlecher Sektioun staark besicht ass.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Speyer – Biller, Videoen oder Audiodateien