Concours littéraire national 2012

De Concours littéraire national 2012, dee wéi déi Jore virdru vum Kulturministère organiséiert gouf, huet sech 2012 ëm Novelle gedréit.

Den 1. Präis goung un d'Elise Schmit fir hiert Wierk Im Zug, deen 2. un den James Leader fir "Rendition" an den drëtte Präis goung ex aequo un de Gast Groeber fir "Eng Duerfidyll" an un d'Carla Lucarelli fir "Le prix du silence". [1]

Den éischte Präis an der Kategorie "Jugend" krut d'Nora Wagener fir "Der Sonntagsgreis" an deen zweeten d'Diane Neises fir "Hondsliewen". D'Vicky Jungbluth krut fir "Sehnsucht" eng Spezialmentioun.[1]

De Jury huet sech, ënner der Presidence vun der Josée Zeimes, zesummegesat aus Anne-Marie Reuter, Jean Back, Ian De Toffoli a Jeff Schmitz.[1]

D'Präissiwwerreechung war de 5. Dezember 2012.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 "Concours littéraire national: Élise Schmit an Nora Wagener." RTL.lu - 21.11.2012, 15:58 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.11.2012.