Concours littéraire national 2004
Am Concours littéraire national 2004, wéi d'Editioun vun 2004 vum Concours littéraire national offiziell heescht, ass et ëm Romaner gaangen.
De 7. Dezember 2005 koum et am Servais-Haus zu Miersch, dem Sëtz vum Centre national de littérature, zur offizieller Proklamatioun vun de Präisser an de Mentiounen.
No enger Begréissungsried vun der Direktesch vum Haus, der Madame Germaine Goetzinger huet de President vun der Jury, den Här Pierre Marson d'Aarbecht vun der Jury erkläert. Nodeem d'Kulturstaatssekretärin, d'Madame Octavie Modert, iwwer d'Situatioun vun der Literatur zu Lëtzebuerg referéiert huet, goufen d'Präisser verdeelt.
D'Präisser
änneren- Den éischte Präis goung un de Guy Wagner fir säi Manuskript Winterreise.Roman, e Wierk a 24 Kapitel iwwer de Franz Schubert - souvill wéi Lidder sinn am bekannten Zyklus vum Komponist -, erauskomm an den Éditions Phi 2005.
- Den zweete Präis war fir de Mario Fioretti fir säi Roman Der Vortrag. Das Buch zum Haus, erauskomm am Golo Steffen sengem Verlag Op der Lay.
- Den drëtte Präis krut d'Anne Denoël fir La nuit coule doucement, je ne dors pas.
Mentiounen
änneren- Corinne Bauer fir hire Roman Leo und die schöne Lucie
- André Link fir Spielen für Mansfeld
- Judith Schweizer-Marx fir L'Écrimoire
D'Jury
ännerenD'Jury war besat mat
D'Liesungen
ännerenNodeem déi dräi Gewënner Extraiten aus hire Wierker virgedroen haten, woubäi ze bemierken ass, datt de Guy Wagner begleet war vum éisträicheschen Ambassadeur, koum et zum traditionellen Éierewäin.