Corinne Bauer

lëtzebuergesch Schrëftstellerin a Kaffisfarmerin

D'Corinne Bauer, gebuer de 24. Abrëll 1949 [1] zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin a Kaffisfarmerin.

Corinne Bauer
Gebuer 24. Abrëll 1949
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Bauer

Si ass zu Lëtzebuerg opgewuess. Am Alter vun 20 Joer ass si an Däitschland gaang a gouf als Journalistin ausgebilt. Bis 1982 schafft si fir den Südwestfunk zu Baden-Baden als Editeur, Auteur, a Regisseur. Si huet duerno 23 Joer fir verschidde Firmen Trainingsfilmer gedréit a produzéiert. 2005 ass si mat hirem Mann an Australien emigréiert, wou se zënterhier zu Koonorigan eng Kaffisfarm bedreift[2].

Hiren Detektivroman Leo und die schöne Leiche gouf 2004 ënner dem Titel Leo und die schöne Lucie beim Concours littéraire national ausgezeechent.

Wierk änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. https://www.autorenlexikon.lu/page/author/956/956/DEU/index.html
  2. https://www.theland.com.au/story/3572695/bush-to-feel-the-burn-of-tafe-slashes/