Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Haus vun der Famill Servais zu Miersch (dem haitege Sëtz vum Nationale Literaturzenter). Fir d'Servais-Haus an der Stad Lëtzebuerg, kuckt wgl. Servais-Haus (Boulevard Royal).

D'Servais-Haus zu Miersch ass de Sëtz vum Nationale Literaturzentrum (CNL). Säin Numm kënnt vun der Famill Servais, an där hirem Besëtz et zwee Joerhonnerte laang bis 1985 war.

Servais-Haus
Land Lëtzebuerg
Gemeng Miersch
Koordinaten 49°45'3,38"N, 6°6'29,59"O
Datum vum Bau 1788

D'Servais-Haus läit op Nummer 2 vun der Emmanuel-Servais-Strooss (Rue Emmanuel-Servais).

Geschicht

änneren

D'Plaz, wou d'Servais-Haus steet, war zanter dem 16. Joerhonnert bebaut. D^Plaz huet deemools der Famill Hochgerichts-Meyer von Udinge gehéiert.[1]

D'Servais-Haus, wéi mer et haut kennen, gouf tëscht 1780 a 1788 vum Nottär Philippe Servais (1738-1801) baue gelooss.

An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun war et eng Auberge.

Duerno huet den Antoine Servais (1778-1859), dem Philippe Servais säi Jong, eng Brennerei nieft dem Haus installéiert.

Den Antoine Servais hat dräi Filssen: de Philippe Servais (1810-1890), den Emmanuel Servais (1811-1890), fréiere Staatsminister, an de Joseph Servais (1819-1890), deen déi Mierscher Zockerfabréck gegrënnt huet.[2]

Den Auguste Servais sr. (1865-1922), Fils vum Joseph Servais, huet Enn vum 19. Joerhonnert d'Grande distillerie de Mersch op dem Terrain vum Servais-Haus installéiert.

Déi lescht Membere vun der Servais Famill, déi do gewunnt hunn, waren den Nottär Auguste Servais jr. (1901-1970) a seng Sëschter Jeanne Servais (1899-1985).

Op Ufro vun der Jeanne Servais gouf d'Haus 1974 op den Inventaire des sites et monuments nationaux ageschriwwen. An hirem Testament huet si d'Haus mam Terrain der Gemeng Miersch vermaach.

1988 koum et zu engem Tauschakt: d'Gemeng Miersch krut vum Staat d'Mierscher Schlass, am Géigenzuch huet d'Gemeng dem Staat d'Servais-Haus iwwerlooss.

1990 gouf d'Haus vum Staat als nationaalt Monument klasséiert. An de Joren duerno gouf et amenagéiert, fir den nationale Literaturzenter doran anzeriichten, deen 1995 seng Dieren opgemaach huet.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Centre national de littérature.

Am Park vum Servais-Haus steet eng Bluttbuch (Fagus sylvaticus L. cv. purpurea), déi zanter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gezielt gëtt.[3]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bluttbuch zu Miersch.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Servais-Haus (Miersch) – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Quell vum Kapitel, wou net naescht uginn: Maison Servai op cnl.public.lu (nogekuckt:2024-02-05).
  2. Société anonyme sucrière du Luxembourg.
  3. Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. ISBN 978-2-9199474-3-0, S. 176-177.