Émile Kirscht

lëtzebuergesche Moler
(Virugeleet vu(n) Emile Kirscht)

Den Émile (oder Emil) Kirscht, gebuer den 11. Juni 1913 zu Rëmeleng a gestuerwen de 26. Oktober 1994 zu Esch-Uelzecht[1], war e lëtzebuergesche Moler.

Émile Kirscht
Gebuer 11. Juni 1913
Rëmeleng
Gestuerwen 26. Oktober 1994
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

Hien huet virun allem abstrakt Biller an Acryl oder Gouache op Pabeier gemoolt.

Hie war 1954 ee vun de Matgrënner vun den Iconomaques.

1959 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe (zesumme mam Alphonse Nies).

Säi Liewen änneren

Als sechst vu siwe Kanner vun enger Aarbechterfamill gëtt den Émile Kirscht den 11. Juni 1913 zu Rëmeleng gebuer.

Am Alter vu siwe Joer fänkt fir hien d'Berufsliewen un andeems hien als Léierjong bei e Schräiner kënnt. Duerno kritt hien eng Plaz op der Schmelz.

Am Zweete Weltkrich, ënner däitscher Besetzung, refuséiert hie fir Member an der Volksdeutschen Bewegung (VDB) ginn, wat mat dozou féiert datt hien an d'Äifel déportéiert gëtt.

Wierker änneren

Ausstellungen änneren

Literatur änneren

  • Guy Wagner: Emile Kirscht. Monographie d'un peintre, 1987, Éditions le Phare ISBN 2-87964-000-8
  • Marc Theis, Elisabeth Vermast: Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui, Edition Marc Theis, Lëtzebuerg / Hannover, 1995, S. 42 - S. 43
  • Linda Eischen: La Collection Luxembourgeoise du Musée National d'Histoire et d'Art - Emile Kirscht, in "ons stad" N° 87, 2008, S.77-S.79

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Lexikon Säit 213