Centre de recherche public Gabriel-Lippmann

(Virugeleet vu(n) CRP Gabriel Lippmann)

De Centre de recherche public Gabriel-Lippmann war eng ëffentlech Fuerschungsariichtung zu Lëtzebuerg. Si gouf am Juli 1987 duerch e groussherzoglecht Reglement als CRP - Centre universitaire an d'Liewe geruff an den 31. Mee 1999 nom Gabriel Lippmann genannt. Den 1. Januar 2015 huet si mam CRP Henri-Tudor zum Luxembourg Institute of Science and Technology fusionéiert.

Logo vum CRP Gabriel-Lippmann

Den CRP Gabriel-Lippmann huet ugewannte wëssenschaftlech Fuerschung an technologesch Entwécklung bedriwwen. Ausserdeem hat en als Aufgab, op héijem Niveau Wëssen ze vermëttelen a virunzeginn.

Seng véier Departementer hu sech mat véier Schwéierpunkttheme befaasst:

  • d'Technologië vun neie Materialien, absënns d'Nanotechnologie an d'Entwécklung vun Instrumenter
Departement "Science et analyse des matériaux" (SAM)
Departement "Environnement et agro-biotechnologies" (EVA)
Departement "Informatique, systèmes et collaboration" (ISC)
  • d'Equippementer fir den Auto
Departement "Recherche en équipements automobiles" (REA)

De Sëtz vum CRP Gabriel-Lippmann war vun 2004 u provisoresch op den Industriefrichen zu Bieles an der Brillstrooss.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren