Centre de recherche public Henri-Tudor

(Virugeleet vu(n) CRP Henri Tudor)

De Centre de recherche public Henri-Tudor war eng ëffentlech Fuerschungsariichtung zu Lëtzebuerg mat Sëtz um Kierchbierg[1] an der Stad Lëtzebuerg, déi d'Secteure vun de Servicer, der Produktioun, der Santé a der Sozialversécherung, awer och den ëffentleche Secteur als Ganzt cibléiert huet. E besonnescht Zilpublikum waren déi Kleng- a Mëttelbetriber (PME).

Logo vum CRP Henri-Tudor

E gouf den 31. Juli 1987 duerch e groussherzoglecht Reglement[2] als CRP beim IST an d'Liewe geruff a gouf an de Statuten, déi als Annexe zum Groussherzogleche Reglement verëffentlecht goufen, nom lëtzebuergeschen Ingenieur Henri Tudor genannt, dem Erfinder vum éischte brauchbare Bläiakkumulator. En ass 2015 mam Centre de recherche public Gabriel-Lippmann fusionéiert an am Luxembourg Institute of Science and Technology opgaangen.

An Zesummenaarbecht mam Centre hospitalier de Luxembourg huet den CRP Henri-Tudor de Site WikiFood bedriwwen.

Missiounen änneren

  • Fuerschungs- an Entwécklungsaktivitéite stimuéieren an ënnerhuelen;
  • wëssenschaftlech an technesch Kooperatiounen agoen an zum Transfert vun Technologien tëscht dem ëffentlechen an dem private Secteur beidroen;
  • d'Betriber bei der Aféierung vun neien Technologien beroden;
  • d'Fërdere vun neien ekonomeschen Aktivitéiten;
  • d'Informatioun iwwer international Kooperatiounsprogrammer bëndelen an zougänglech machen.

Aktivitéiten a Servicer änneren

  • ugewannt an experimentell Fuerschung;
  • Fuerschung iwwer Doktorater;
  • Entwécklung vu Geschier, Methoden, Labelen, Zertifikater an Normen;
  • technologesch Berodung an Hëllef;
  • Wëssenstranfert a Betribsgrënnungen.

Departementer vum CRP Henri-Tudor änneren

  • Centre de ressources des technologies pour la santé (CR SANTEC)
  • Centre de ressources des technologies pour l'environnement (CRTE)
  • Centre de ressources des technologies et de l'innovation pour le bâtiment (CRTI-B)
  • Centre de veille technologique (CVT)
  • SITec, Knowledge Transfer & Training Centre[3]
  • Incubateur d'entreprises innovantes (Technoport)
  • Advanced Materials & Structures (AMS)
  • Service science & innovation (SSI)

Geschicht änneren

 
Den Hans-Peter Walter, Direkter vun der SuperDrecksKëscht,[4] bei senger Interventioun an der Conférence-débat: «Économie circulaire et nouvelles formes de consommation. Stratégies européennes et perspectives luxembourgeoises», den 20. Oktober 2014 am CRP Henri-Tudor um Kierchbierg.
  • 1982: Grënnung vum LMA - Laboratoire de microélectronique appliquée
  • 1983: Grënnung vun der A.s.b.l. SIT - Séminaire informatique et technologies
  • 1984: Grënnung vum Département d'informatique appliquée beim IST
  • 1985: Grënnung vun der A.s.b.l. ADAPTH
  • 7. Februar 1987: Virschlag fir d'Grënnung vun engem "Institut Henri-Tudor"
  • 9. Mäerz 1987: Loi-cadre iwwer d'ëffentlech Fuerschung (Recherche publique)[5]
  • 1987: Grënnung vum CRP Henri-Tudor
  • 1988: Grënnung vun der Organisatioun SITec
  • 1991: éischt Projete vum Typ Technoport
  • 11. August 1996: Loi-cadre iwwer d'Héichschoulen (Enseignement supérieur)
  • 30. Juni 1998: Lancement vum Technoport Schlassgoart
  • 31. Mee 1999: Gesetz zum Fonds national de la recherche (FNR)
  • 30. Juni 2001: D'Pilotphase vum Technoport Schlassgoart geet zu Enn
  • 17. Juli 2003: Gesetz zur Uni Lëtzebuerg
  • Januar 2004: 4. Entwécklungsplang (2004-2008)
  • Mäerz 2008: De contrat de performance 2008 - 2010 mat dem Staat gëtt ënnerschriwwen.
  • 1. Januar 2015: Fusioun mam CRP Gabriel-Lippmann fir de Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) mat Sëtz zu Belval ze forméieren.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Centre de recherche public Henri-Tudor – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Zum Bau vum Siège cf. follgend zwee Gesetzer:
    Loi du 19 juillet 1997 relative à la construction d'un bâtiment pour le Centre de Recherche Public Henri Tudor et le Centre de Technologie de l'Education à Luxembourg-Kirchberg. Mémorial A n° 55: 1687-1688 vum 8. August 1997.
    Loi du 12 août 2003 relative à l'adaptation budgétaire du projet de construction d'un bâtiment pour le Centre de Recherche Public Henri Tudor et le Centre de Technologie de l'Education à Luxembourg-Kirchberg. Mémorial A n° 132: vum 9. September 2003.
  2. Cf. Règlement grand-ducal du 31 juillet 1987 portant création d´un centre de recherche public auprès de l´institut supérieur de technologie Mémorial A n° 68: 1606-1610 vum 22. August 1987.
  3. Den CRP Henri-Tudor bedreift e Formatiouns- a Qualifikatiounszenter, deen all Joer eng 240 Weiderbildungen ubitt.
  4. http://www.sdk.lu/lu/Home.html
  5. Loi du 9 mars 1987 ayant pour objet:
    1) l'organisation de la recherche et du développement technologique dans le secteur public;
    2) le transfert de technologie et la coopération scientifique et technique entre les entreprises et le secteur public.
    Mémorial A n° 13: 163-168 vum 18. Mäerz 1987