Dominique de Villepin
Den Dominique Marie François René Galouzeau de Villepin, gebuer de 14. November 1953 zu Rabat am Marokko, ass e franséischen Diplomat, UMP-Politiker, Schrëftsteller an Affekot.
Dominique de Villepin | |
---|---|
Gebuertsnumm | Dominique Marie François René Galouzeau de Villepin |
Gebuer |
14. November 1953 Rabat |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Institut d'études politiques de Paris, Universitéit vu Paräis, École nationale d'administration, Universitéit Paris-Nanterre, Universitéit Panthéon-Assas |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Schrëftsteller, Affekot |
Partei | Union pour un mouvement populaire, Rassemblement pour la République |
Famill | |
Kanner | Marie Steiss |
Hie war ë. a. Premierminister vu Frankräich vum 31. Mee 2005 bis de 15. Mee 2007.
Hien ass besonnesch duerch seng Ried vum 14. Februar 2003 bekannt ginn, wéi e virum UNO-Sécherheetsrot den US-Amerikaner, déi een UNO-Mandat wollte kréien, fir iwwer den Irak hierzefalen, ee Kuerf ginn huet. Den amerikaneschen Aussemisister Colin Powell hat do - wéi spéider och bewisen - falsch "Beweiser" produzéiert an domat behaapt, de Saddam Hussein hätt Massevernichtungswaffen, déi praktesch d'ganz Welt géife bedreeën.
Biographie
ännerenFamill a Jugend
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Arméiszäit
ännerenDen Dominique de Villepin huet säi Militärdéngscht als Offizéier um Fligerdréier Clemenceau bei der franséischer Marinn gemaach.
Zivil Karriär
änneren- 1980 - 1984: Sekretär vun den Affaires africaines et malgaches
- 1981 - 1984: Sekretär vum Centre d'analyse et de prévision
- 1984 - 1987: Éischte Sekretär an der franséischer Ambassade zu Washington
- 1987 - 1989: Zweete Conseiller an der franséischer Ambassade zu Washington
- 1989 - 1990: Zweete Conseiller an der franséischer Ambassade zu Nei-Delhi
- 1990 - 1992: Éischte Conseiller an der franséischer Ambassade zu Nei Delhi
- 1992 - 1993: Directeur-adjoint vun den Affaires africaines et malgaches zu Paräis
- 1996 - 1999: President vum Verwaltungsrot vum Office national des forêts
Politesch Karriär
änneren- 1993 - 1995: Directeur de cabinet vum Ausseminister Alain Juppé
- Mee 1995 - Mee 2002: Generalsekretär vun der Présidence de la République
- Mee2002 - Mäerz 2004: Ausseminister an der Regierungen I an II vum Jean-Pierre Raffarin
- 31. Mäerz 2004 - 31. Mee 2005: Inneminister an der Regierung III vum Raffarin
- 31. Mee 2005 - 15. Mee 2007: Premierminister ënner dem President Jacques Chirac
Publikatiounen
änneren- Parole d'exil; 1986.
- Le droit d'aînesse; 1988.
- Sécession;
- Élégies barbares;
- Les Cent-Jours ou l'esprit de sacrifice; Paräis (Perrin), 2001.
- Le cri de la gargouille; Paräis (Albin Michel), 2002.
- Éloge des voleurs de feu; Paräis (Gallimard), 2003.
- Le Requin et la Mouette; Paräis, 2004.
- Hôtel de l'insomnie; Paräis (Plon), 2008.
- La cité des hommes; Paräis (Plon), 2009.
Literatur
änneren- Yves Derai & Aymeric Mantoux, L'homme qui s'aimait trop; Paräis (L'Archipel), 2005. ISBN 2-84187-753-1
- Jacques Julliard, Villepin ou le sabreur sabré; in: Le Nouvel Observateur, 04.-10. Mee 2006; S. 23.
- Anna Cabana, Villepin, la verticale du fou; Paräis (Flammarion), 2010.
- César Armand & Romain Bongibault, Dans l'ombre des présidents - Au coeur du pouvoir: Les secrétaires généraux de l'Élysée; Paräis (Fayard), 2016.
Gielercher
änneren- Grand-croix vum l'Ordre national du Mérite, 2005 als Premierminister.
- Grand-officier vum Ordre de Saint-Charles (Monaco), 1997[1].
Um Spaweck
ännerenCommons: Dominique de Villepin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Ordonnance souveraine N° 13149 vum du 25 Juli 1997.