Christian Mosar

lëtzebuergesche Konschthistoriker, Kritiker a Fotograf

De Chistian Mosar, gebuer den 3. September 1968 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Konschthistoriker, Kritiker a Fotograf.

Christian Mosar
Gebuer 3. September 1968
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf, Konschthistoriker, Kritiker, Artisteschen Direkter

Hien huet zu Stroossbuerg Konscht studéiert a wärend dem Studium och Fotoe gemaacht. Hie war dem Armand Strainchamps säin Assistent beim Mole vum Plaffong vun der Stater Gare an huet och dem Andy Bausch bei sengem Film A Wopbopaloobop A Lopbamboom assistéiert[1].

Hien ass Freelance-Fotograf bei der Wochenzeitung Woxx an zënter 1994/95 fräie Mataarbechter beim Radio 100,7, wou hien ë. a. Konschtkritike mécht.

De Christian Mosar war och Curateur vu verschiddenen Ausstellungen an huet am Optrag vun der Marie-Claude Beaud, zesumme mat der Françoise Poos, eng Ausstellung iwwer den Edward Steichen organiséiert. 2010 war hien um Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Shanghai involvéiert, wou d'Gëlle Fra ausgestallt gi war[1].

Hie moderéiert Konferenzen (z. B. op der Luxembourg Art Week) an d'Mudam Akademie[1].

Am November 2018 gouf bekannt, datt de Christian Mosar als artisteschen Direkter vun Esch 2022 nominéiert gouf[1]. Seng Funktioun fänkt den 1. Dezember 2018 un[2].

Zënter 2020 ass hien Directeur artistique vun der Konschthal Esch a gläichzäiteg vum Bridderhaus.

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Christiane Kremer, Am Gespréich: Christian Mosar (18.10.2018) Interview op RTL Radio, gelauschtert op rtl.lu de 14. November 2018
  2. Pressecommuniqué vun: CAPITALE EUROPENNE DE LA CULTURE 2022 ASBL vum 14. November 2018 op rtl.lu