D'Konschthal Esch (mam ganzen Numm Konschthal Esch - Espace d'art contemporain) ass e Gebai zu Esch-Uelzecht, an deem zanter 2022 d'Konschtsammlung vun der Stad Esch ze gesinn ass, a wou reegelméisseg Ausstellunge vu moderner Konscht gewise ginn. Et steet um Prënzeréng.

Konschthal Esch
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Datum vum Bau 2021

Geschicht änneren

D'Konschthal ass an engem Gebai ënnerbruecht, dat als Miwwelgeschäft Lavendier gebaut gi war. D'Stad Esch huet et 2020 fir 11,6 Milliounen Euro opkaaft, an op eng zimmlech 'brut' Aart a Weis, fir eng weider 6 Milliounen Euro, amenagéiert.[1]

Ego-Tunnel vum Gregor Schneider an Instant comedy vum Filip Markiewicz ware mat déi éischt Ausstellungen. De Christian Mosar ass (Stand 2022) kënschtlereschen Direkter.[1]

D'Gebai änneren

D'Gebai huet en 2.400 m² Ausstellungsfläch, op 4 Niveauen.[2]

D'Konschthal archivéiert a verdeelt ausserdeem d'Publikatioune vu Sternberg Press, engem Londoner Verlag, deen op Konschtkritik a modern Literatur spezialiséiert ass.[3]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 France Clarinval: "L'après-2022 se dessine à Esch." d'Lëtzebuerger Land 10.06.2022, S.7.
  2. "Histoire et contexte" op konschthal.lu.
  3. "Sternberg Press" op konschhal.lu.