Den Emile Charles (Charly) Knorr, gebuer de 15. Februar 1890 zu Soultzeren[1] am Elsass a gestuerwen den 10. Abrëll 1965 zu Mulhouse, war e franséische Moler, deen eng sëllege Biller mat lëtzebuergesche Sujete gemoolt huet (Uelegbiller, Pasteller, Aquareller, Radéierungen an Zeechnungen).[2]

Charly Knorr
Gebuer 15. Februar 1890
Gestuerwen 10. Abrëll 1965
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Moler
Deckel vun der franséischer Editioun vum Ch. Knorr sengem Buch vun 1927 mat der Vugelsmillen (Grondhaff)

Seng Ausbildung krut de Charly Knorr zu Mulhouse an duerno zu Paräis an der Académie Colarossi, wou hie Schüler vum Bernard Naudin (1876-1946) war.

Mat engem Iechternacher Meedche bestuet änneren

Hie war mat der Madeleine (Magdalena) Spang vun Iechternach, déi Hélène[3] genannt gouf, bestuet. Si ass den 12. Januar 1890 zu Iechternach op d'Welt komm an ass do den 18. Juli 1946 gestuerwen. Gewunnt huet si deemools awer zu Mulhouse.

Der Hélène Spang hire Papp war de Brudder vum Jean Baptiste Spang (1857-1942), dem Grousspapp vum Paul Spang, dem Iechternacher Historiker an Direkter vum Nationalarchiv.[2]

De Moler vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz änneren

De Knorr huet sech an der zweeter Hallschent vun den 1920er an ufanks vun den 1930er Jore vill zu Iechternach opgehalen. Hien huet deemools zu Paräis gelieft, wou hien 1926 um Salon vun der Société des artistes français deelgeholl soll hunn.[4] 1927 huet de Knorr den Album "La petite Suisse Luxembourgeoise" mat Biller an Texter vun him selwer erausginn. D'Buch koum zu Courtrai an der Belsch an der Dréckerei Jos. Vermaut eraus.[5] Nieft der franséischer gouf et och eng däitsch Editioun vum Buch mam Titel: Die kleine (sic) Luxemburger Schweiz. D'Originaler vun den Aquarellen aus dem Album huet de Knorr zu Iechternach am "Café Central" op der Maartplaz ausgestallt a verkaaft.[2]

Am Juni 1928 krut de Knorr den zweete Präis bei engem Concours fir touristesch Plakater, deen d'Lëtzebuerger Regierung de 4. Abrëll 1928 decidéiert hat ze lancéieren. Den Titel vum Knorr Entworf war "Fluctuat Nec Mergitur". Den éischte Präis goung un de Fransous Charles Hallo[6] vu Senlis; de lëtzebuergesche Moler Jean-Pierre Beckius krut de sechsten (a leschten) Präis.[7]

Am August 1928 huet de Knorr un der “Exposition des Beaux Arts”, déi den Iechternacher Verschéinerungsveräin zu Iechternach am Kolléisch organiséiert hat, deelgeholl; do ware seng Aquareller nieft Wierker vu Kënschtlere wéi Franz Seimetz, Jean-Pierre Beckius an Nico Klopp ze gesinn.[8]

Am August 1931 huet de Knorr bei der regionaler Ausstellung Arts et métiers an der aler Abtei zu Iechternach matgemaach. Virun allem huet hien awer parallel dozou eng grouss Privatausstellung vu senge Wierker "beim Jeni", d. h. an der Pâtisserie Zimmer a “Beerkes” (rue de la Montagne) zu Iechternach, där hire Proprietär den Eugène ("Jeni") Zimmer war, organiséiert, alles an allem 110 Stéck (een Uelegbild, Aquareller, Pasteller, Radéierungen an Holzschnëtter).[9]

Am August 1932 waren nach Wierker vom Knorr an enger Ausstellung vun den Iechternacher "Amis de l'Art" an der Primärschoul ze gesinn.[10] No 1932 héiert een näischt méi vum Knorr an de lëtzebuergeschen Zeitungen.

An den 1950er Jore war de Knorr de President vun der Kënschtlerassociatioun vu Mulhouse an hien huet och an der Galerie Duncan zu Paräis ausgestallt.[11]

Publikatiounen änneren

  • La Petite Suisse Luxembourgeoise. Texte et illustrations par Charly Knorr. Imprimerie Jos Vermaut, Courtrai [1927], 47 S.
  • Die kleine Luxemburger Schweiz. Text und Illustration von Charly Knorr. Jos Vermaut, Courtrai [1927], 47 S.

Literatur änneren

  • A.M., 1927. La Petite Suisse Luxembourgeoise,Texte et illustrations par Charly Knorr. In: Jonghemecht, 2. Jhg., Nr. 2, 1. November 1927, S. 36-37. [9]
  • Friedrich, E., 1977. Ein Maler Echternachs. Tageblatt, Nr. 260 (14. November), S. 9.
  • Friedrich, E., 1981. Ein Maler Echternachs. In: Je maintiendrai 1981, Annuaire 1981 / Association luxembourgeoise des mutilés de guerre et des invalides, Luxembourg, S. 61.
  • Lotz, François, 1987. Artistes-peintres alsaciens de jadis et de naguère (1880-1982). Éditions Printek, Kaysersberg, S. 186.
  • Massard, J.A., 2012. Charly Knorr, der elsässische Maler der Kleinen Luxemburger Schweiz. Lëtzebuerger Journal 2012, Nr. 118 (20. Juni), S. 22 (Teil 1); Nr. 119 (21. Juni), S. 20-21 (Teil 2). — Anmerkungen und Quellen.
  • Sahl, N., 2012. Knorr, Charly. In: Luxemburger Autorenlexikon. Online-Versioun. Stand: 30. Juni 2011. [10] Opgeruff den 1. Juni 2012. (de)

Referenzen änneren

  1. Lotz 1987. — Am "Bénézit" steet "Soultzem" amplaz "Soultzeren" (Massard 2012; cf. E. Bénézit, 1966. Dictionnaire critique et documentaire des peintres, sculpteurs, dessinateurs et graveurs. Nouvelle édition, tome 5. Paris, Librairie Gründ, p. 278 (Knorr, Charles-Emile). Bénézit, E., 1999. Dictionnaire critique et documentaire des peintres, sculpteurs, dessinateurs et graveurs de tous les temps et de tous les pays: par un groupe d'écrivains spécialistes français et étrangers ; sous la dir. de Jacques Busse. Paris, Librairie Gründ. - 14 vol (tome 7: Herweg-Koster: Charles-Emile Knorr: p. 882).
  2. 2,0 2,1 2,2 Massard 2012.
  3. Luxemburger Wort 1946, Nr. 200 (19. Juli), S. 5 (Avis mortuaire: Madame Charles Knorr, née Hélène Spang, décédée à Echternach le 18 juillet 1946 à l'âge de 56 ans). [1]
  4. Massard 2012. Den E. Friedrich (1977, 1981) gëtt iertemlecherweis d'Joer 1927 un.
  5. Massard 2012. Cf. A.M. 1927.
  6. Charles, Alexandre, Jean, Julien Hallo (1882-1969) Archivéiert op 2009-06-13. Gekuckt de(n) 2012-06-25.
  7. Massard 2012. Cf. Luxemburger Wort 1928, Nr. 175 (23. Juni), S. 3. Wettbewerbe für künstlerische Plakate zur Hebung des Fremdenverkehrs. [2]
  8. Massard 2012. Cf. Escher Tageblatt 1928, Nr. 225 (13. August), S. 5 (Echternach, 13. Aug. Exposition des Beaux Arts).[3]
    Escher Tageblatt 1928, Nr. 229 (18. August), S. 4 (Anmerkungen). [4]
    Kunstausstellung Echternach. In: Jonghemecht, Jhg. 3, Nr. 1, Oktober 1928, S. 21. [5]
    Kuckt och: Zur Kunstausstellung des Echternacher Verschönerungsvereins (12.-26. August [1928]). L'Illustré luxembourgeois / Luxemburger Illustrierte, 5e année, N° 17, 10 septembre 1928, S. 245. [6]
  9. Massard 2012.
    Luxemburger Wort 1931, Nr. 234/235 (22. August), S. 4 (Annonce: Exposition privée Charles Knorr, Paris) a S. 5 (Echternach. 22. August). [7]
  10. Massard 2012.
    Luxemburger Wort 1932, Nr. 230 (17. August), S. 4 (Kolonn 3 a 4) (Echternach, 16. Aug.). [8]
  11. Lotz 1987.