Ethelwulf vu Wessex
Den 'Ethelwulf war den eelste Bouf vum Kinnek Egbert vu Wessex an ass ëm d'Joer 800 op d'Welt komm. Nom Doud vu sengem Papp gouf den Ethelwulf Kinnek vu Wessex am Joer 839. Hien huet sech géint déi dänesch Invasioune misse wieren, déi ëmmer méi staark gi sinn. Dobäi konnt hie bei "Acleah" (warscheinlech dat haitegt Ockley) eng Victoire dovun droen. Den Ethelwulf huet och géint de Cyngen ap Cadell vu Wales gewonnen, zesumme mat der Hëllef vu Mercien. Nom Doud vu senger Fra mécht hie sech 855 op Pilgerfahrt op Roum, mat engem vu senge jéngste Bouwen, dem Alfred. Wéi hien 856 nees zeréck kënnt, gëtt hie vu sengem eelste Jong Ethelbald ofgesat. Hie stierft den 13. Januar 858 a gouf fir d'éischt Kéier zu Steyning begruewen ier seng Läich op Winchester transferéiert gouf.
Ethelwulf vu Wessex | |
---|---|
Titelen | |
Virgänger | Egbert vu Wessex |
Nofollger | Ethelbald |
Biographie | |
Gebuer | Oochen |
Gestuerwen | 13. Januar 858 jul. |
Bestuet mat | Judith vu Flandern |
Papp | Egbert vu Wessex |
Mamm | ? |
Kanner | Alfred de Groussen, Ethelbald vu Wessex, Ethelbert vu Wessex, Ethelred vu Wessex |
De gëllene Rank, deen hei um Bild ze gesinn ass, ass räich dekoréiert mat reliéise Symboler an dréit d'Inscriptioun Ethelwulf Rex. De Rank gouf 1780 zu Laverstock (Wiltshire) fonnt. Et gëtt ugeholl datt dëse Rank e Geschenk un e loyalen Dénger war.
Kuckt och
ännerenVirgänger: Egbert |
Kinnek vu Wessex 839- 856 |
Nofollger: Ethelbald |
Um Spaweck
ännerenCommons: Æthelwulf of Wessex – Biller, Videoen oder Audiodateien |