Charles Schaefer

Lëtzebuergesche Kolonialist

De Charles Ferdinand Jules Schaefer, gebuer den 23. Dezember 1856 zu Lëtzebuerg[1] a gestuerwen de 16. Januar 1922 zu Genf[2], war e lëtzebuergeschen Diplomat, deen am Déngscht vun der brittescher Kolonialarméi, der egyptescher Regierung an dem Vëlkerbond stoung. Hie war e Virkämpfer géint d'Sklaverei. Hie war den éischte Lëtzebuerger, deen am Déngscht vun enger internationaler Organisatioun gestuerwen ass.[3]

Charles Schaefer
Gebuer 23. Dezember 1856
Lëtzebuerg
Gestuerwen 16. Januar 1922
Genf
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Diplomat, Colonel

Liewen änneren

Dem Charles Schaefer seng Mamm huet aus der aflossräicher Famill Metz gestaamt. No senge Studien am Kolléisch ass hien an déi brittesch Arméi agetrueden a gouf 1878 an d'Cameron-Missioun am Osmanesche Räich geschéckt fir de Verlaf vun enger méiglecher Eisebunnsstreck tëschent dem Mëttelmier an dem Persesche Golf ze studéieren. Nom Berliner Kongress gouf hien 1878 an Ostanatolien geschéckt fir d'Reformen zu de Gonschte vun der armenescher Bevëlkerung z'iwwerwaachen.

1884 huet hie sech mat der Armenierin Duruhitza Dadian bestuet. D'Famill Dadian war Pionéier an der Eisebunn vum osmanesche Räich an huet eng féierend Roll bei der Industrialiséierung vum Land gespillt.

1882 ass de Schaefer dunn an Egypte komm fir an dem Konflikt ronderëm de Suezkanal déi militäresch brittesch Interessen ze vertrieden. Deemools war den Armenier Nubar Pascha (1825-1899) tëschent 1878 an 1895 Premierminister an och e Vertrauter vun de Britten. Den Nubar huet de Schaefer 1882 als Attaché an den Inneministère beruff fir déi kasernéiert Polizei an Egypten ze reforméieren. De Schaefer krut de militäresche Rang vun engem Majouer a gouf 1884 dermat beoptraagt d'Ofschafung vum Sklavenhandel an Egypte virun ze bréngen. Obschonn hien et schwéier hat den internationale Sklavenhandel ze bekämpfen, konnt hien 1885 genee 553 Sklave befreien.

1889 gouf hie beoptraagt eng brittesch Hëllefsexpeditioun an Däitsch-Ostafrika duerch ze leeden, dat vu Sklavenhändler kontrolléiert gouf. Säin Asaz huet derzou bäigedroen, datt den Opstand vum Sklavenhändler Buschiri bin Salim al Harith nidder geschloe gouf. Dat war den Ufank vun der legendärer däitscher Askari-Arméi an Ostafrika. 1890 krut de Schaefer duerfir den tierkeschen Éierentitel Bey. 1894 huet de Schaefer 3 Paschaen an 1 Bey wéinst Sklavenhandel viru Geriicht bruecht. Dat huet awer esou vill Oprou an der egyptescher Gesellschaft mat sech bruecht, datt de Schaefer 1895 Egypten huet misse verloossen.

1897 war de Schaefer am Gespréich fir Gouverneur vu Kreta zu ginn, wat déi osmanesch Behörden wéinst dem Schaefer senger armenierfrëndlecher Haltung awer verhënnert hunn.

1912/1913 goung de Schaefer als Beroder op Konstantinopel, koum awer schonn 1913 zeréck an Europa, wou hie mat senger Famill zu Wiltingen op der Saar gewunnt huet. Seng Mamm a säi Brudder haten do e Wënzerbetrib.

Am Juli 1914 wollt hien am Optrag vu sengem Frënd Lord Kitchener fir Albanien eng eenheemesch Militärtrupp grënnen, déi dem däitsche Prënz Wilhelm zu Wied (1876-1945) hëllefe sollt Fürst vun Albanien ze ginn. Bei de Virbereedunge vun dëser Expeditioun gouf de Kolonell Schaefer direkt am Ufank vum Éischte Weltkrich vun der preisescher Feldpolizei als Spioun verhaft a souz 6 Wochen zu Tréier am Prisong.[4] Duerno ass hie mat senger Famill vu Wiltingen an dat besate Lëtzebuerg geplënnert.

Mat 64 Joer huet de Schaefer nom Enn vum Éischte Weltkrich eng diplomatesch Missioun bei dem 1920 gegrënnte Vëlkerbond ugeholl. 1921 gouf hie vum Vëlkerbond als Chef vun enger Missioun an Albanie geschéckt. Seng Gesondheet huet sech awer verschlechtert an hien huet Albanien den 1. Januar 1922 misse verloossen. Hie koum dunn op Genf, wou de Sëtz vum Vëlkerbond war, wou hien de 16.Januar 1922 gestuerwen ass. A senger Sëtzung vum 13. Mee 1922 huet de Lord Balfour, de President vum Vëlkerbond, dem Charles Schaefer déi lescht Éier erwisen.

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Jules Mersch, „Charles Schaefer“, in: Biographie nationale, vol. 1, 1946, S. 257 op luxemburgensia.bnl.lu gekuckt den 1. Januar 2023
  2. Lokales. Luxemburger Wort (17.1.1922). Gekuckt de(n) 19.1.2023.
  3. Michel Erpelding, Ce qui reste de Versailles, Retour sur quelques apports du droit international de l'entre-deux-guerres. forum Nr 57 (Dezember 2017). Gekuckt de(n) 17.1.2023.
  4. Inhaftierte Luxemburger. Luxemburger Wort (31.8.1914). Gekuckt de(n) 19.1.2023.
  5. Jules Mersch, „Charles Schaefer“, in: Biographie nationale, vol. 1, 1946, S. 272 op luxemburgensia.bnl.lu gekuckt den 1. Januar 2023