Camille de Tornaco

belsche Politiker

De Baron Marie Camille Louis Gonzague Ghislain de Tornaco, gebuer de 6. Abrëll 1807 zu Sterpenech (deemools an der Gemeng Stengefort), a gestuerwen den 8. Mäerz 1880 zu Bréissel, war e belsche Landbesëtzer a liberale Politiker.

Camille de Tornaco
Gebuer 6. Abrëll 1807
Stengefort
Gestuerwen 8. Mäerz 1880
Bréissel
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Politiker
Partei Parti libéral
Famill
Papp Charles Auguste de Tornaco

De Camille de Tornaco war vun 1837 bis 1842 Provënzialrot fir d'Provënz Léck.

1848 gouf hien an de Belsche Senat gewielt wou hie bis 1880 d'Arrondissement Huy vertrueden huet. Hie war Vizepresident vum Senat vun 1858 bis 1859 a vun 1863 bis 1879. Vun 1879 bis zu sengem Doud 1880 war hie President vum Senat.

Quellen änneren

  • Websäit vun der Liberaler Partei
  • Mémorial de la Province de Liège 1836-1986, Liège, p. 187.
  • De Paepe, Jean-Luc, Raindorf-Gérard, Christiane (ed.), Le Parlement Belge 1831-1894. Données Biographiques, Brussels, Académie Royale de Belgique, 1996, p. 246.
  • Douxchamps, José, Présence nobiliaire au parlement belge (1830-1970). Notes généalogiques, Wépion-Namen, José Douxchamps, 2003, p. 131.