Luxusbuerg (kuerz 'lxb' genannt) war mat zirka 6.000 User pro Dag de gréissten IRC-Server zu Lëtzebuerg.

Geschicht

Luxusbuerg war d'Iddi vun dräi Leit: dem Chris Leesch (Kane), dem Mehran Khalili (scrm) an dem Raoul Mulheims (kee). Vun 1996 u war Luxusbuerg en Channel op engem internationalen Chat-Reseau (Undernet), éier am November 1999 an Zesummenaarbecht mat der P&T en eegene Server mat méi Channels draus gouf. Zanterhier hunn eng ganz Rei Leit matgeschafft a gehollef, an déi aktuell Ekipp setzt sech aus iwwer 120 Leit zesummen (Operators, Admins an IRCops).

2007 huet d' #Luxusbuerg a.s.b.l. d'Relève mat engem eegene Server iwwerholl.

Am Joer 2011 gouf den Chat agestallt. De Site www.luxusbuerg.lu ass zanterhier just nach ee Redirect op dës Wikipedia Säit hei.

Zesummestellung

Channel

De Luxusbuerg setzt sech aus 9 Channels zesummen. Anescht wéi bei anere groussen IRC-Netzwierker, kann een hei keng nei Channel kreéieren.

NummHaaptthema
#adultflirtFlirt speziell fir déi méi erwuesse Leit
#animeDen Channel fir Fans vu japaneschem Manga an Anime.
#flirtFlirten; Treffpunkt fir Leit, déi op der Sich no engem Partner sinn
#francophoneChannel fir Persounen, déi léiwer Franséisch wéi Lëtzebuergesch schwätzen
#friendsAllgemengen Treffpunkt, fir Kolleegen a Frënn erëmzetreffen. Theeme variéiere staark
#metalDësen Channel ass fir all déi Leit, déi gär iwwer Metal vun allen Zorte schwätzen
#queerTreffpunkt fir homosexuell Persounen an hir Frënn. (gayfriendly)
#quizOp deem heite Channel gëtt Quiz gespillt. En ass an 3 Beräicher ënnerdeelt (quiz-beginner, quiz-advanced a quiz-expert). D'Spill gëtt vun engem BOT gefouert
#lrbDen offiziellen Channel vum LRB-Radio

Bei bestëmmten Events, wéi Weltmeeschterschaften oder Walen, ginn och speziell Kanäl opgemaach, op deenen dann doriwwer geschwat ka ginn.

Servicer

Fir e propperen Oflaf am Luxusbuerg ze garantéieren, lafen um Luxusbuerg och sougenannte Servicer. Den ChanServ an NickServ schützen Channel respektiv Nicknames vun de User, andeems se onerlaabt Erstellung oder Benotzung ënnerbannen. Den MemoServ erlaabt et de Benotzer, Noriichte fir en anere Benotzer ze hannerloosse wann deen net Online sollt sinn. Mam AdServ kënnen Noriichten an de verschiddenen Channels verbreet ginn.

Nieft dëse bekannte Servicer lafen awer och fir de Benotzer onsiichtbar Servicer wéi den OperServ, deen exklusiv vun der Administratioun benotzt gëtt, oder den StatServ, fir Statistiken z'erstellen. All déi Servicer gi vun der Administratioun vum Luxusbuerg verwalt.

Um Spaweck