Chang'e 5-T1
Land Volleksrepublik China
Agentur CNSA
COSPAR-Bezeechnung 2014-065A
Missioun Äerdmound
Startmass
Start 23. Oktober 2014, 18:00 UTC
Startplaz Kosmodrom Xichang
Drorakéit Laange Marsch 3
Landung November 2014

Chang'e 5-T1 war eng experimentell Moundsond, déi den 23. Oktober 2014 vun der China National Space Administration gestart gouf. D'Sond hat den Äerdmound ëmkreest, a koum nees op d'Äerd zeréck. Dobäi gouf den Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär vun enger Moundëmlafbunn aus getest.

D'Sond ass en Deel vum chineesesche Moundprogramm, dee fënnef Moundsonde virgesäit. Chang'e-1 an Chang'e-2 haten d'Aschwenken an e Moundorbit getest. Chang'e-3 hat e Lander mat Rover op der Mounduewerfläch ofgesat. D'Chang'e-5-Missioun soll Moundgestengs op d'Äerd bréngen. China huet weider Pläng fir eng bemannt Moundmissioun.

Missioun änneren

Nodeem d'Chang'e-3-Missioun, déi e Rover op de Mound bruecht hat, nëmmen deelweis erfollegräich war, gouf mat der Nofollgermissioun Chang'e-4 d'Testmissioun Chang'e 5-T1 gestart. Mat hir sollt den Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär aus enger Moundëmlafbunn an déi gezilt Landung getest ginn. Vum Opbau war d'Moundsond änlech wéi Chang'e-2. D'Chang'e-5-Missioun ass fir 2019 geplangt a soll Moundgestengs op d'Äerd brengen.

Als sekundär Notzlaascht war d'4M-Payload (Manfred Memorial Moon Mission) matgeflunn. Dëse Projet vun der däitscher OHB war déi weltwäit éischt privat finanzéiert Mound-Missioun. D'4M-Missioun gouf vu LUXSpace duerchgefouert. D'Notzlaascht hat e Gewiicht vu 14 Kilogramm an huet zwee wëssenschaftlech Instrumenter transportéiert.

Dat éischt war e Radiosignal, fir eng nei Méiglechkeet ze testen, wéi een d'Sond kéint lokaliséieren. Dofir goufe Funkamateuren opgeruff fir dat Signal opzehuelen an d'Resultat u LuxSpace ze schécken.

Dat zweet Instrument war en Dosimeter, dee vun der spuenescher iC-Málaga gestallt gouf. En hat iwwer déi ganz Missiounsdauer d'Stralungsstäerkt gemooss.

Missiounsprofil änneren

  • Start: Xichang, Oktober 23, 2014 18:00 UTC
  • Geplangte Missiounsdauer: 196 Stonnen (8,17 Deeg)
  • Laanschtfluch beim Mound: 97 Stonnen nom Aschoss an den Orbit (4,04 Deeg)
  • Aphel: zirka 13.000 km vun der Mounduewerfläch
  • Distanz vum Mound zu der Äerd beim Laanschtfluch: ~373.000 km

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie