China National Space Administration

China National Space Administration (CNSA), englesch fir Chineesesch National Weltraum Agentur, ass déi chineesesch Weltraumorganisatioun, déi fir d'zivil Raumfaartprogramm vun der Volleksrepublik China verantwortlech ass.

Geschicht änneren

Déi nationaal chineesesch Weltraumagentur gouf am Joer 1993 als Nofollger vum Ministerium fir Loft- a Raumfaartindustrie gegrënnt, dobäi gouf d'Industrie als China Aerospace Corporation (englesch fir chineesesch Loftraum-Gesellschaft) zesummegefaasst. 1998 gouf d'Loftraum-Gesellschaft a verschidde kleng Entreprisen ënnerdeelt. De Chef vun der CNSA ass haut de Chen Qiufa (陳求發) (Stand: 2012).[1],[2]

Zanter 2007 ass déi chineesesch Weltraumagentur Member vun der Internationaler Charta fir Weltraum an Naturkatastrophen.

Missiounen änneren

Numm Startjoer Kuerzbeschreiwung Bemierkung
Shenzhou 5 2003 dat éischt bemannt Raumschëff (vun der CNSA) Erfolleg
Chang'e-1 2007 déi éischt Äerdmound-Sond an Optakt zum Äerdmoundprogramm Erfolleg
Chang'e-2 2010 déi zweet Äerdmound-Sond Erfolleg
Tiangong 1 2011 dat éischt Raumlabor Erfolleg
Yinghuo 1 2011 eng Mars-Sond, gestart mat Fobos-Grunt Feelstart
Chang'e-3 2013 Éischt onbemannt Moundlandung Erfolleg

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. cnsa.gov.cn Resumes of Leaders
  2. wantchinatimes.com Who's Who Chen Qiufa (陳求發)